Anna Bové

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Anna Bové (1829-1886)
D'Zithaklouschter an der Zithastrooss (rue Ste-Zithe) an der Stad Lëtzebuerg. Lénks, d'Zithaklinik.

D'Anna Bové, gebuer de 5. Abrëll 1829 an der Millebaach, gestuerwen den 30. Mäerz 1886 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch kathoulesch Uerdensfra.

Zesumme mat der Luzia Margareta Niederprüm an dem Paschtouer Nicolas Wies huet si den 28. Mäerz 1872[1] an der Stad de "Verein der hl. Zita für christliche Dienstmägde" gegrënnt. Heiraus ass 1875 d'Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren ervirgaangen; d'Anna Bové war vun elo un d'Schwëster bzw. d'Mutter Paula. Den urspréngleche Veräin huet nieft der Kongregatioun weider funktionéiert.

D'Kongregatioun gouf 1886 un de Karmel ugeschloss an d'Zitaschwësteren hunn elo offiziell "Schwestern des Regulierten Dritten Ordens Unserer Lieben Frau vom Berge Karmel", méi geleefeg ënner dem Numm "Tertiar-Karmelitinnen", geheescht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Donckel, E., 1967. Die Tertiarkarmeliterinnen in Junglinster. Luxemburg, S. 7-13 (Der regulierte III. Orden U.L.F. vom Berge Karmel in Luxemburg), S. 14-18 (Nikolaus Wies, Stifter der St. Zitaschwestern).
  • Grosber, J.J.: 125 Jahre Werden, Wachsen und Wirken der “Zitaschwestern”. Luxemburger Wort 1997 (25. März), S. 7.
  • Myriam Ney: Paula Bové (1829-1886), eine Frau mit sozialreformatorischem Engagement und sozialem Weitblick. In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 9, April 2007, S. 3; Nr. 10, Juli 2007, S. 3; Nr. 11, Dezember 2007, S. 3.[1]
  • Schneiders, B., 2006. Prof. Nicolas Wies. In: Kompress Nr. 8, Dezember 2006, S. 3.[2]
  • Spoden, G., 1972. Nicolas Wies (1817-1879), Stifter der Kongregation der Tertiar-Karmeliterinnen – St.-Zitaschwestern in Luxemburg. Luxemburg, 18 S. (Sonderdr. d. "Luxemburger Wort" v. 15. Januar 1972).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Laut: Schneiders 2006, Kompress Nr. 8; Ney 2007, Kompress Nr. 9. — Den Donckel 1967, de Spoden 1972, S. 16, an de Grosber 1997 ginn de 25. Mäerz als Grënnungsdatum vum Veräin un.