Diskussioun:Nidderwolz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Ass Nidderwolz wierklech eng Uertschaft oder e Quartier? an der Lëscht fannen ech se nët. Ech hunn Nidderwolz dowéinst mol aus der Beschreiwung vun der Gemeng Wolz rausgeholl. --PlayMistyForMe 20:42, 28. Okt 2008 (UTC)

  • Salut, déi Lëscht ass bei wäitem nach net komplett. Ech hunn Nidderwolz elo mol derbäigesat. Déi Deelëschten déi Këschten hunn sinn nogekuckt. Déi aner nach net. Les Meloures 21:35, 28. Okt 2008 (UTC)
P.S. Ech hunn och déi aner Uertschaften an den Artikel vun der Gemeng bäigefléckt.
  • Super, et konnt een sech bal denken, dass et der méi sinn. --PlayMistyForMe 06:45, 29. Okt 2008 (UTC)
  • De Problem besteet awer nach: wann Nidderwolz eng Uertschaft ass, kënnen Infoe doriwwer nët ënnert Wolz (Stad) viru stoe bleiwen, eng Uertschaft ka jo net Deel vun enger anerer Uertschaft sinn, héichstens e Quartier? Dat bestrëfft eng Rei Artikelen wéi Nidderwolz, Kierch Nidderwolz, Wolz (Stad), Wolz (Gemeng) asw. --PlayMistyForMe 07:00, 29. Okt 2008 (UTC)


Vu Léck aus gesinn hues domatter zimmlech recht.
D'Gemeng an d'Stad Letzebuerg ze deelen gëtt nach ee Batz Arbecht.
Déi enzeg Stied a Gemengen déi nëmmen aus enger Uertschaft bestinn schéngen Diddeleng a Rëmeleng ze sinn.
Les Meloures 08:01, 29. Okt 2008 (UTC)