Diskussioun:ONG

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, et gëtt schonns den Artikel Netregierungsorganisatioun.

Och mengen ech, datt de Begrëff semantesch méi wäit gefaasst ass, wéi just op humanitär/Entwécklungshëllef bezunn, an och all aner Organisatiounen abegräift, déi sech fir iergend eppes "Nëtzleches" aseztzen, sief et Natur- oder Ëmweltschutz, sozial Sujeten (vu Blannenorganisatiounen bis zu Drogenhëllef) asw.

Dofir misst deen Artikel hei mMn entweder mat deem anere verschmolzt ginn, oder méi e spezifeschen Titel kréien. --Zinneke 10:49, 7. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech sinn dofir d'Artikelen zesummenzeleeën. ONG, NGO an Netregierungsorganisatioun ass dräimol dat selwecht. Als Lemma proposeieren ech d'Organisation non gouvernementale, mat Redirecte fir d'Synonymer (d'Ausdréck NGO an Netregierungsorganisatioun missten am Artikel awer op mannst ernimmt ginn). Ginn dem Zinneke och Recht datt de Begrëff méi wäit gefaasst ass wéi dat bis ewell hei beschriwwe gouf. D'ONGën zu Lëtzebuerg sinn als Asblën organsiséiert (et gëtt keng eegen Organisatiounsform wéi an anere Länner). --Kaffi 11:13, 7. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och fir d'Zesummeleeën, awer onbedingt ënnert "Netregierungsorganisatioun", well mer si jo hei net op der fr-wiki. Den Artikel "ONG" kann duerno eng Homonymiesäit gi fir de Walter Jackson Ong an Netregierungsorganisatioun. --Otets 00:18, 8. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
U sech sinn ech jo mat d´Accord op der lb-wiki mat lëtzebuergesche Lemmata ze schaffen, mee (apaart) wat juristesch Terminologie ugeet, schéngt mer déi Saach méi neeleg. Wa mer d´ONG Netregierungsorganisatioun nennen, misste mer bei der Asbl dann net och vun engem Veräin (ouni Gewënnzweck) schwätzen? En anere Problem -esou kënnt mer vir- ass datt et jee no Zesummenhank net ëmmer esou ganz evident ass ze wësse wat dat eenzegt "richtegt" lëtzebuergeschet Wuert ass. An de Medie geet relativ dacks vun ONG Rieds, manner vu Netregierungsorganisatiounen. Op der "Stross" héiert een och alt d´englescht NGO. (ech si mer es bewosst, datt meng Erfarungswäerter keng Basis fir eng Decisioun an dësem Fall si, et war mer just fir z´illustréieren). D´Wiki op lëtzebuergesch ass och an dësem Sënn en eenzege Sproochlabo :)
Um Enn bleift d´Fro: Solle mer juristesch Ausdréck konsequent op franséisch schreiwen oder wier dat vu Fall zu Fall ze kucken (wann et beispillsweis e gutt etabléiert "Alldagswuert" ob lëtz. dofir gëtt? Déi zweet Optioun schéngt mer déi verstännegst, mee och schwieregst ze sinn. Wéi och ëmmer, et misst ob der Säit vun de Nummkonventioune festgehal ginn. Just fir et eng kéier kloer gesot ze hunn: ech hunn näischt géint d´Netregierungsorganisatioun a ka ganz gutt domat liewen den Artikel esou ze nennen wann d´ONG am Text ernimmt gëtt. --Kaffi 07:34, 8. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Op d'Medien a ganz besonnesch RTL géif ech net onbedingt goen, et kënnt mer fir wéi wann déi et ganz besonnesch "cool" fanne géife fir nei franséisch Wierder an eist Bewosstsinn ze drécken - meeschtens hu se zum Thema NROe souwisou just franséisch Interviewpartner. Mee dat just esou niewebäi.
Den eigentleche Problem ass effektiv deen, datt eis Gesetzer mussen op Franséisch gehale sinn, an dat si se dann och, sou datt all Ariichtung an all Organismus en offizielle franséischen Numm kritt an eis Nationalsprooch komplett ënnert den Dësch fält. A fréieren Zäiten hat eis Sprooch et do vläit méi lit, well déi déi se geschwat hunn dack einfach Leit waren, déi mat romanesche Sproochen net oder net richteg eens gi sinn an dann entweder en neit Lëtzebuergescht Wuert an d'Plaz geholl hunn oder wéinstens dat romanescht esou falsch ausgeschwat hunn datt awer nees eppes Eegenes entstanen ass (sou gouf z.B. de Kommandant Rodrigues zur Rouder Gees, oder mer betoune wéinstens konsequent op der éischter Silb wou d'Fransousen déi zweet betounen - z.B. Merci). Haut ass et fir déi meescht méi lit e franséischt Wuert einfach z'iwwerhuelen an déi friem Aussprooch bäizebehalen, wéi d'Wuert nei ze schafen, z'iwwersetzen oder wéinstens Lëtzebuergesch ze betounen. Gott sei Dank ass d'Wiki wéi s de sou schéi sees e Sproochlabo, wou net nëmme beim ländleche Spaweck net ëmmer dee liitsten, mee de wuel "lëtzebuergeste" Wee gaange ka ginn. Ech si ganz mat der d'Accord, fir bei juristeschen Ausdréck vu Fall zu Fall ze kucken op et net schonn en etabléiert "Alldagswuert" ob Lëtzebuergesch dofir gëtt oder wéinstens eng Iwwersetzung op der Hänn läit. Meeschtens misste mer op déi Aart a Weis laanscht dat Franséischt am Lemma kommen, quit datt mer am Artikel selwer och déi "offiziell" franséisch Variant nennen. Just bei der Ofkierzung "Asbl" hunn ech et net gepackt fir eng Iwwersetzung erauszebréngen, zum enge well mer kee preisesche Pendant an de Sënn koum an zum anere well d'Asblen als solch vum Gesetz definéiert goufen an déi franséisch Ofkierzung all an hirem Numm mussen hunn - bei den NROen/ONGen/NGOen ass keen Organismus definéiert mee just beschriwwen an am Numm ass: Asbl. Natierlech gehéiert datt dann och an eis Nummkonventiounen, obwuel e "Fall zu Fall" vu sech aus e wéineg vague ausfale wäert, mee wéinstens de Prinzip kënne mer festhalen. --Otets 15:33, 8. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Gutt getraff an op de Punkt bruecht! Dat eenzegt wat mer awer nach um Häerz läit ass, datt bei Fäll ewéi dësem ëmmer och de franséischen Numm "matgenannt" misst ginn, also och am Artikel steet (+ e Redirect vum franséischem Ausdrock op d'Lemma -et sief et wier een am Fall vun enger Homonymie). Dat ass am Sënn vun der Enzyklopedie an och der linguistescher Realitéit zu Lëtzebuerg. --Kaffi 20:03, 8. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat elo esou geännert, ech hoffen et ass elo alles richteg. --Otets 13:50, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]