Diskussioun:Panoramafräiheet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann zwéin dat selwecht maachen...[Quelltext änneren]

Moien,

Zur selwechter Zäit wéi den MMFE hat ech och séier en Ufank gezwafft.

Fir Formuléierungen ze vergläichen an ze ergänzen,hie ass en:


Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Hundertwasserhaus zu Wien: De Friedensreich Hundertwasser huet d'Droits d'Auteur op der Architektur vum Haus, d'Reproduktioun vun enger Foto vum Haus ass op Grond vun der Panoramafräiheet nom éisträicheschen Droit erlaabt.

D' Panoramafräiheet ass eng Limitatioun vum Droits d'auteur, déi et an de Legislatioune vu ville Länner op der Welt gëtt, an déi et jidderengem erméiglecht, bildlech Reproduktiounen (an éischter Linn Fotoen) vu Wierker ze maachen, déi permanent am ëffentleche Raum stinn (Gebaier, ma zum Deel och fest installéiert Skulpturen, asw.), an déi am Fong ënner Copyright sinn; ouni dass een deen, deen d'Droit d'auteuren huet, ëm Erlabnis froe muss.

Nieft dem Droit d'auteur ginn et awer och nach aner rechltech Aspekter, déi sech dem reproduzéieren oder Verwäerten a Billerform widersetze géifen, wéi d'Recht un der Proprietéit, d'Huasrecht, allgementg Perséinlechkeetsrechter vun de Bewunner vun engem Gebai, oder Sécherheetsaspekter (z.B. bei militäresche Sitten). An deem Fall kann ee fir gewéinlech net d'Panoramafräiheet revendiquéieren.

Wou gëtt et Panoramfräiheet, a wou net[Quelltext änneren]

Iwwersiicht wou et Panoramafräiheet an Europa gëtt (gréng) a wou net (rout).

Et gëtt a ville Staaten op der Welt eng Panoramafräiheet, ma hir Envergure ass nach laang net iwwerall déi selwecht.

Sou ginn et Länner, déi genee festleeën, wat drënner fällt (Konschtobjeten z.B. sinn net ëmmer mat dobei); zum Deel gëlt se och net, wann d'Bild kommerziell genotzt gëtt, an och d'Definitioun, wat "ëffentleche Raum" ass, gëtt, je nodeem, méi oder manner restriktiv applizéiert (kuckt d'Kaart niewendrun mat hiren Explikatiounen).

Lëtzebuerg, d'Belsch, Frankräich oder Italien zielen zu deene Länner, wou et keng Panoramafräiheet gëtt, iwwerdeems Däitschland, d'Schwäiz, Holland, Spuenien oder Éisträich dat Prinzip applizéieren.

Kategorie:Droits d'auteur


--Zinneke (Diskussioun) 13:23, 29. Jun. 2015 (UTC)[äntweren]

ok, domm gaang, ech probéieren dann emol déi zwéin Artikelen ze fusionéieren. --MMFE (Diskussioun) 16:22, 29. Jun. 2015 (UTC)[äntweren]