Diskussioun:Paräisser Plazen a Stroossen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"ginn et eng jett kuckeswäert Plazen a Stroossen.": Ass dat eng Jatt voll? --Cornischong 21:32, 8 September 2006 (UTC)

ööööhm also mir benotzen den Ausdrock "eng jett" heiheem ëmmer, wat dem däitschen "eine Vielzahl von" entsprécht. Mir hunn deen awer net erfonnt oder ? :D --βρισεισDisk 07:39, 9 September 2006 (UTC)

Fir méi Detailler[Quelltext änneren]

Hei schengt mer eppes net logesch. Wann ech den Artikel iwwer Paräis kuckken da gesinn ech do fir méi Detailler kuckt Plazen a Stroossen

Da ginn ech an den Artikel Plaazen a Strossen an da steet an deem Artikel fir méi Detailler huckt Parais.

Meng Fro: fir méi Detailler iwwer waat wou dann elo kucken ??

An der Logik wier et jo esou dass wann een fir méi Detailler vun den Detailler wéilt gesinn da misst een op néi Artikelen weidergeleet ginn an nët erëm op den Haaptartikel zreck. Oder fonktiounnéiert do meng Schierbel nët richteg Les Meloures 23:01, 8 September 2006 (UTC)

Bei Paräisser Plazen denken ech fir d'éischt un d'Paräisser Plaz zu Lëtzebuerg (entschëlleg Les Meslourdes, wann ech elo schonn erem denken), duerfir schéngt mer den Titel och net grad glécklech. -- Myriam 23:08, 8 September 2006 (UTC)
Oh Myriam du hues ërem neischt verstaan a warscheinlech den Artikel mol guer nët gelies. Duerfir mol fir deng Lanter méi kloer ze maachen e puer Explikatiounen.
1)Ech fannen den Titel ganz richteg.
2)Den Artikel an den Titel dovun sinn nët vu mier also brauchst de dech fir dein Denken och nët bei mier zë ëntschëllegen
3)Et dréint sech nët ëm den Artikel selwer mee ëm ee Link am Artikel
4)Eng Paräisser Plaaz gët et nët nëmmen zu Lëtzebuerg et gët deeër och an annere Stied
5)Wanns de den Artikel gelies häst dann häst de neischt breichten ze schreiwen an ech elo och nët. Les Meloures 00:38, 9 September 2006 (UTC)


Alsoooo. "Paräisser Plazen a Stroossen" si Plazen a Stroossen ZU Paräis. Eng Place de Paris op der Gare passt bei "Lëtzebuerger Plazen a Stroossen". Wisou et dësen Artikel iwwerhaapt gëtt ass einfach well den Haaptartikel zu der Stad Paräis aus allen Néit platzt, an dofir, no de Wikipedia-Stilkonventioune wann et méiglech ass, opgespléckt soll ginn. An dësen Abschnitt huet sech, genee wéi d'Muséeën an d'Theater ugebueden, well et grouss genuch ass, fir en eegene klengen Iwwersiichtsartikel ze maachen. Dofir och d'Kategorie mam selwechten Numm, well déi divers Plazen natierlech och hiren eegenen Artikel solle kréien, deen dann direkt an déi Kategorie kann agesat ginn. Ech gesinn do absolut kee Problem mam Titelnumm. "Paräisser Plazen" ass fir mech opallefall net all "Place de Paris" irgendwou. Mee Saachen déi ZU Paräis sinn.

Zum "Méi Info"... jo dat war ongléckgleck gewielt. Ech hunn elo en anere Saz dohinner geschriwwen, de "Sënn" hannendrunner war, wann een op dësen Artikel ging stoussen, datt e fir méi Informatiounen zu der Stad och den Haaptartikel vun der Stad kucke soll, well dat heiten e spezifeschen Aspekt dovunner ass.

Mäi Pefferkär. (NB: Den Owend geet et mat der Stad vun der Léift da weider, ech hänken awer bis 19h um Büro :)) --βρισεισDisk 07:37, 9 September 2006 (UTC)