Diskussioun:Parverband Bartreng-Stroossen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat huet dësen Artikel fir e Sënn??? Et steet absolut näischt do dran. --Jangli 10:25, 24 November 2006 (UTC)

Ech si kee Paf mee dat heite gehéiert menger Meenung genausou zu engem wiki wei dat wat am De Stamminet diskutéiert goufglucius 11:52, 24 November 2006

Wann ech et richteg sollt verstanen hunn, versteet de Jangli net, wat mat deem Artikel gemengt ass. Oder mengt hien, datt esou en Artikel näischt na der Wikipedia verluer huet? --Cornischong 11:02, 24 November 2006 (UTC)

Ech sinn och kee Paf awer och kee Pafefrësser fir dem Glucius eng Änwtert ze ginn, mä wann ech a meng al Chimisbicher kucken do sti keng grammatesch an orthographesch Feeler dran. Ouni eppes musse vu Chimi ze verstoen kann ech do roueg eng Stonn drun hänke fir alles ze verbesseren, dat mecht mer méi Suergen fir d'Qualitéit vum Site wéi en Artikel iwwer e Parveband oder e Geeschtlechen aus dem Éisleck. Les Meloures 11:08, 24 November 2006 (UTC)

Waat ech hei net gudd fannen ass ganz einfach, dass do 2 Linne stinn di och am Artikel Pastoralregioun_Lëtzebuerg ze fanne sinn. Op der englescher Wiki gett an deem Fall proposéiert di 2 ze fusionnéieren. fier mech keinnte mer desen einfach läschen. Ech fannen et net gudd, wa mer extra en Artikel hei hun deen sou extrem kuerz ass a guer keen Inhalt huet. --Jangli 13:00, 24 November 2006 (UTC)

Daat zielt iwregens och fier di aaner Poaren! Den Artikel ka bleiwen wann et eng Hoffnung gett, dass vlait irgend een do mol eng Keier dru weiderschreiwt. --Jangli 13:02, 24 November 2006 (UTC)

Tjo, hei gëtt alles an klengen Artikele gemaach, mer si jo och ee klengt Ländchen. Duerfir gëtt awer alles ganz genee gemach. Kuck mol ee sech dës zwéin unn Joule a Kilojoule. Bei sou Saache weess een net op ee nach just soll laachen oder op et ass fir ze kräischen Les Meloures 13:16, 24 November 2006 (UTC)
Ech denken do kräischen ech léiwer. D'Grísst vum Land soll awer net de Grond vir sou kleng Artikle sinn. Ech hu meng Meenung gesoot: fier mech misst desen Artikel geläascht ginn oder et erbaarmt sech een eppes gescheites ze schreiwen. --Jangli 13:50, 24 November 2006 (UTC)

tjo lesmeloures wanns de et besser kanns dann spack net rondrem an maach et an zemols am plaatz hei domm ze meckere daat den cortina net all meng fehler fennt dei ech net ofstreiden somer besser op der richteger plaatz wei ech dann dei terme richteg schreiwe deis du jo souviel besser kanns ... ech si gespannt an zemols waas de mat dengen aale bicher vun inhalt brengs .... glucius 19:18, 24 November 2006


Wéi wier et da mol wann ee giff drunn denken Artikelen ze schreiwen amplaz ze läschen. Nach eng aner Saach mir sinn hei bei der lëtzebuergescher Wiki an net op der englescher a mussen deenen net alles nomaachen. Ech sinn der Meenung, datt all Parverband säin Artikel verdéngt huet (och wann net vill dra steet) a gesi kee Grond fir dësen Artikel ze läschen. Klunni 17:52, 24 November 2006 (UTC)

De Jangli mengt et soll ee sech erbaarmen a méi schréiwen. Waat heescht daat am Kloertext: Hie selwer well net méi schreiwen e verlangt et awer vun den aneren. Wann den Artikel geläscht géif ginn kéim och mol kee méi op d'Iddi fir méi ze schreiwen well e jo net méi do wier. Et goufen deeër Artikele scho méi wou op eemol ee sech erbaarmt huet awer op Kommando fonktionnéiert neischt hei. Et ass jo och méi einfach vun anere Leit ze verlange si solle schreiwen, wéi selwer eppes ze brengen, déi hu mer gär.Les Meloures 18:04, 24 November 2006 (UTC)

Ech gesin. Nee ech schreiwen un deem Artikel näischt. Fierwaat : well ech och net wees waat ee ka maachen. Daat heiten ass keen artikel fier an eng Enzyklopédie, mee fier an en Diktionär. Waat ech wollt huet och näischt mat iergendenger aanerer Wikipedia ze din. Hei soll diskutéiert ginn, an net beleidegt ginn. Et ass jo och méi einfach vun anere Leit ze verlange si solle schreiwen ass jo direkt géinnt mech geriicht. Et ass och einfach sou eppes ze behaapten. Wann der net d'accord sidd, da soll daat gesoot ginn a faerdeg. Domater hun ech kee Problem, Grond fierwaat ech och eng Diskussioun ugefaang hun an net einfach iergendeppes gekoschtert hun. Dovunner oofgesinn, denken ech net, dass et e Waert huet wann ee vun Tuute a Bloosen keng Ahnung huet (kenne mech mat de Poaren net aus), en Artikel verännere soll. Daat heescht awer net, dass een sech net dofier intresséiert. Ech si ganz zoufälleg hei dropgefall an hu mech gefroot waat daat soll. Ech bleiwen der Meenung dass dësen Artikel keng zousätzlech Informatiounen brengt dei net op der Lëscht vu sämtleche Poare stinn. --Jangli 22:52, 24 November 2006 (UTC)

Dass nët méi am Artikel steet wéi an enger Lëscht vu sämtleche Paren daat stëmmt warscheinlech. Den Koken ass just déi Lëscht besteet net op der Wikipedia, daat ass en externe Link. Wa mer domat wëlle glécklech ginn kënne mer daat bei all Artikel maachen op déi Manéier Kuckt och an dann den de: oder fr: Link dra setzen da brauche mer iwwerhaapt neischt méi ze schreiwen. Les Meloures 23:06, 24 November 2006 (UTC)



Léife Jangli. Wei s de gesin hös, haat déin äifrechen Asaaaz fir t'lètzeboiech Sproch e Sön. Achhondertzingg Wieder Dsikussion, daat as nët néischt!! Leid, däi sesch sos ziemlesch rouhech haaalen sin hai iwer sësch eräusgaang a wusst nët mäi op se solten kreichen oder lachen. Daat vergöst dër de Tedektif nie. Iwer waatvier een Paarferbann schreiwst de dan moar? Duu heus ët verdéchbroucht daat chreifent Vollk ze mobillizéiren! Al Resbeckt, sëu Leidd bräuch t'Vickipädie ten --Den Tedektif 23:17, 24 November 2006 (UTC)

Nujee, jidderee blaméiert sech sou gutt ewéi e kann, mengt de Pecalux 07:22, 25 November 2006 (UTC)
Ech mengen die heite Lëscht : Pastoralregioun Lëtzebuerg Ech hun och näischt géinnt den Auteur, mee keen ass perfekt. Deen haat jo vläit nach eppes am Sënn waat mir net wessen. --Jangli 08:04, 25 November 2006 (UTC)
ok ech hat déi net als Lëscht erkannt. Et ass och vläicht nach ze iwwerdenken fir sou lëschtenähnlech Saachen an d'Category Lëschten ze setzen, oder och Lëscht an de Lemma ze schreiwen da wier et méi enfach eraus zefannen datt et sech em eng Lëscht dréint Les Meloures 09:01, 25 November 2006 (UTC)

Gesäit wuel sou ass wéi wann ech deen eenzege Sinn dee mengt desen Artikel misst geläscht ginn. Abee, dann huelen ech un, dass des Diskussioun och eriwer ass. --Jangli 09:39, 15 Dezember 2006 (UTC)