Diskussioun:Pierre Hamer (Auteur)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zanter wéini heescht <<iwwerschafft>> ofgeschaf? De Schaffert seet merci!

Moien,
Kéint Dir Iech vläicht e bësselche méi kloer ausdrécken, datt eis Botzfraen erausfanne wat gemengt ass. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 4. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Léiwen Här Les Meloures! Dir hutt gëschter, um 20.11 Auer, geschriwwen, datt e ganzen Ofschnëtt vum Text misst "iwwerschafft" ginn. An elo ass deen Ofschnëtt iwwerhaapt net méi do! Wéi erkläert dir dës Disparitioun? Näischt géint e sënnvollt Iwwerschaffen, mee vun Ofschafen halen ech näischt. An nach eppes: respektéiert d'Botzfraë, w.e.g.; 't si Mënsche mat der selweschter Dignitéit wéi jiddereen! E schéinen Dag nach, P.Kr.


Léiwen Här P.Kr.,
Dat stëmmt datt ech geschriwwen hunn deen Deel misst iwwerschafft ginn. An esou laang wéi dat net geschitt ass bléift deen Text verstoppt. En ass nämlech net veschwonnen. Wann Dir an der Editiounsfënster sidd da gesitt Dir datt en nach do steet. Et ass iwwerhaapt am System vu Wikipedia onméiglech fir eppes definitiv veschwannen ze doen.
An nach eppes: Ech wëll hei guer net un d'Dignitéit vun de Botzfraë rappe goen, meng Mamm war eng. Hei op der Wiki si mat Botzfraen déi Leit gemengt déi Dag fir Dag an dat scho jorelaang aneren hir Boboe pléischtere ginn, Topegkeete verbessere ginn, an am grousse Ganzen, sooss nach vill am Hannergrond schaffen, z.B. op Iwwersetzungssäiten, fir datt aner Benotzer eng méi oder wéineger kammoud Presentation gebuede kréien.
-- Les Meloures (Diskussioun) 13:10, 4. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]


A propos de Schaffert:
Wann der Iech sollt derfir intresséieren wie bis elo d'Schafferte waren, da kënnt dir op dëser Säit kucken
E schéinen Dag och nach. --Les Meloures (Diskussioun) 13:21, 4. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]