Diskussioun:Pierre Peters

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech liesen:

De Pierre Peters ass ee lëtzebuergeschen Patriot wou sech fir seng Natioun asetzt.

Meng Froen:

1) Wollt dee Mann net vläicht eng extrem Politesch Richtung an d'Welt setzen? Wat huet dat mat Patriotismus ze dinn?

2) Geet et duer datt engem d'Auslänner zu Lëtzebuerg net gefalen, fir datt een e Patriot gëtt?

3) Waren d'Informatiounen déi den Zinneke an den Artikel gesat hat falsch?

4) Wou kann een eppes iwwer déi National Bewegong als Partei fannen? Bei de Resultater vun 1959 bis 2004 fannen ech näischt.

5) Wéini ass déi Partei gesetzlech festgehale ginn?

Les Meloures 17:04, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Menger Meenung no erfëllt den Inhalt vun dësem Artikel NËT d'Relevanzkritere fir enzyklopedesch erfaasst ze sinn. Ech proposéieren en dofir ze läschen.
--Pecalux 11:02, 10. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Et ass jo eréischt eng Skizz. Oder mengs de d'Persoun selwer? --Otets 19:29, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Zum Zäitpunkt wou ech d'Propose fir ze läschen heihi gesat hat, stung nëmmen dësen Text am Artikel:

De Pierre Peters ass e franséische Wënzer mat lëtzebuergescher Ofstamung.
Seng Virfaren hunn sech ëm 1845 an der Champagne ugesidelt. De Pierre Peters, deen d'Wäigut 1940 iwwerholl huet, bedreift haut en "Domaine viticole" vu 17,5 ha, deen zu Mesnil-sur-Oger läit, enger Gemeng am Departement Marne an der Regioun Champagne-Ardenne.
Um Spaweck:
Websäit vum Pierre Peters Vun „http://lb.wikipedia.org/wiki/Pierre_Peters“

An der Tëschenzäit gouf den Artikel awer duerch 13 Edits verbessert an ausgebaut, sou dass meng Läschpropose elo net méi aktuell ass. --Pecalux 08:45, 27. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Verurteelung zu 30 Méint[Quelltext änneren]

http://s14.directupload.net/images/120511/wrkvr49s.jpg --188.115.14.203 21:20, 11. Mee 2012 (UTC)[äntweren]