Pierre Peters

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pierre Peters
Gebuer 12. Juli 1953
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur, Schrëftsteller, Aktivist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Pierre Peters, gebuer den 12. Juli 1953 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche politeschen Aktivist. Säi Grousspapp war de Lëtzebuerger Olympionik Mathias Erang.

E rietsextremen an ultra-nationalisteschen Aktivist[änneren | Quelltext änneren]

Hie war Matgrënner an Haaptmann vun der 1987 gegrënnter National-Bewegung, enger extrem-rietser, ultra-nationalistescher, auslännerfeindlecher an anti-europäescher politescher Gruppéierung mat faschisteschen Tendenzen. Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 krut si manner wéi 3 % vun de Stëmmen. Am Dezember 1995 gouf se opgeléist.

Zanterhier ass de Pierre Peters, mat e puer Gläichgesënnten, Member vun engem Frëndeskrees Fräi Stëmm vu Lëtzeburg.

Zanter e puer Joer probéiert de Pierre Peters seng albekannt Vuë mat ekologesch agefierften Argumenter ze verkafen. 2009 ass hien e puermol op Parteiorganisatioune vun der däitscher rietsextremer NPD opgetrueden.[1]

Op senger zanter Januar 2011 gespaarter Websäit www.hemecht-an-natur.lu[2][3][4] huet hie géint frankophon Auslänner gewiedert[5] déi him no d'Schold un allem Misär hätten. Weiderhi gouf do vum grösste Staatsmann aller Zeiten, gemengt ass wuel de Gröfaz, a vum völkische Mënsch geschwäermt[6].

Den 13.Dezember 2011 huet hien dunn den Domaine hemecht-an-natur.com registréiert[7]. Duerno huet e gewësse Linh Wang den 23. Januar 2012 den Domaine hemecht-an-natur.org zu Hong Kong registréiert[8].

Uklo an Uertel[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst Opruff zum Haass gouf de Pierre Peters den 10. Mee 2012 vun der Chambre correctionnelle zu Lëtzebuerg an éischter Instanz zu 30 Méint Prisong mat Sursis veruertelt. D'Associatioun ASTI, déi als Partie civile opgetruede war, krut de symboleschen Euro zougesprach.[9][10] De 7. Mäerz 2013 gouf hien, wéinst auslännerfeindlechen Deplianten, um Geriicht an der Stad zu enger fester Prisongsstrof vu 6 Méint veruerteelt[11]. De 26. Juni 2013 gouf am Appel aus där Prisongsstrof aus éischter Instanz en Uertel vun 160 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet gesprach[12].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Peters, Pierre, 2007. Le Grand-Duché de Luxembourg: analyse économico-environnementale d'un Luxembourgeois révolté. Tétange: P. Peters (Selbstverlag). 126 p. ISBN 2-87996-745-7. ISBN 978-2-87996-745-5.
  • Peters, Pierre, 2007. D'Juegd an den Naturschutz zu Lëtzebuerg: kritisch Gedanken iwwert Aussoën zum geplangten neie Juegdgesetz. Téiténg: P. Peters. 11 p.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sou de 6. Mäerz an den 19. September.
  2. D'Websäit vum Pierre Peters www.hemecht-an-natur.lu ass am Januar 2011 gespaart ginn, cf. Hansen 2011 an der Literatur.
  3. Zanter Mëtt Februar 2011 gespaart, op eng Plainte hi vun der ASTI, cf. wort.lu vum 16. Februar 2011.
  4. Op dem nämmlechte Server sinn och op d'mannst 2 Säite vun der däitscher NPD ënnerbruecht.
  5. "Déi maachen eis Natur futti a verbrauchen eis Ressourcen, iwwerfëllen eis Stroossen, maache Kaméidi, bréngen äis a Gefor, pissen a schäissen iwwerall hin."
  6. "Der grösste Staatsmann aller Zeiten hatte die zerstörerische Bewegung erkannt. Trotz seiner gewaltigen Macht war er allein und wurde von den Komplizen der internationalistischen Lobby verraten, so wie Judas den Messias verraten hatte."
  7. ip-adress.com
  8. ip-adress.com
  9. Fremdenhass: 30 Monate auf Bewährung für Pierre Peters wort.lu, 10. Mee 2012 09:37
  10. Opruff zum Haass: 2,5 Joer mat Sursis fir de Pierre Peters rtl.lu, 10. Mee 2012 09:38
  11. 6 Méint feste Prisong fir Pierre Peters
  12. P. Peters zu 160 Stonne Sozialaarbecht veruerteelt rtl.lu 26. Juni 2013