Diskussioun:Plou

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bei der Buuschtel schéngen ons lëtzebuergesch Diktionären sech net sou richteg eens ze sinn wat gemengt ass.

  • LWB: Buusch(t)el M. und F. «vordere Griessäule am Pflug» (s. Kolterholz).
  • WdLM: Ploukapp m., Sechholz, Pflughaupt an och Ploukolter m., das Sech, Pflugeisen, s. Kolter.
  • WdLU: Plókapp pl. -käpp, das Pflughaupt, das Sechholz, Kolterholz, le sep, soupeau. an och Plóholter, pl. -en, m., das Pflugeisen, der Sech, le coutre.
Dem LWB seng Griessäule ass eppes anescht wéi all déi aner Bezeechnungen déi op Kolter a Sech hiweisen.
Ech kucken datt ech dem Bruch säin Text nach kréien. Vläicht gëtt een aus deem méi schlau.
--Les Meloures (Diskussioun) 12:05, 2. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Et ass effektiv onkloer op e Buuschtel elo e Kolter/Kap/Séiweck ass (Nr 4), oder op et dat Stéck Holz ass wat lénks vun der Nr 7 nach erauskuckt (dat bréicht dann eng nei Nr). Eisen Originalartikel vum Dirlidapp huet déi zwee och vermëscht ("Sail", a "Konterholz" wuel fir Kolterholz). Op alle Fall Merci fir deng Méi, Les Meloures! --Otets 12:31, 2. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]


Dat hei ass effektiv ee vun den Dirlidappsartikelen déi de Geméishändler ënner engem vu sénge villen Nimm ugeluecht hat fir déi aner Leit un d'Schaffen ze kréien. En hat anscheinend net sou onrecht, well et schaffen der nach ëmmer u sengem Kabes dichteg weider fir et eengermoossen an d'Riicht ze kréien. Perséinlech hunn ech festgestallt datt et meeschtens méi Aarbecht mécht fir sou Wurschtlereien ze verbesseren wéi zwéi komplett ordentlech Artikelen unzeleeën.

Et kann dach net sou schwéier sinn, fir am Fall wou een eng Skizz ufänkt an net wëll onbedingt (aus egal waterenger Ursaach) direkt dermat weiderfueren eng kleng Erklärung op d'Diskussioun setzen oder en EnCours iwwer den Artikel ze praffen datt jidderee geséit datt nach eppes do geschitt. A firwat net en Artikel eréischt publizéieren wann ee sech Zäit derfir huele kann. --Les Meloures (Diskussioun) 12:48, 2. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]