Diskussioun:Pressessioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour,

Kann ee me soe fiwat Prëssession méi richteg soll sinn ewéi Prëssioun. --87.67.226.150 14:06, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

A wann iwwerhaapt misst et dann net Prëssëssioun heeschen. --87.67.226.150 14:09, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
a Prëssioun ass och keng Dislektikervariant. Wann der näischt Besseres wësst........... --87.67.226.150 14:13, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech ginn der Recht datt Prëssioun keng Dislektikervariant ass. Et ass awer zesummegezu vu Prëssessioun, an dofir ass dat déi Variant déi mer als Lemma huelen (obwuel Prëssioun eng valabel Variant ass - se gëtt jo am Artikel ernimmt an huet eng Viruleedung). Et ass net "Prëssëssioun", well deen zweeten "ë" net betount gëtt. --Otets 14:56, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Dann huet d'Lëtzebuerger Wierderbuch sécher falsch, den LOD souwisou deen leit ganz derniwent. Op wat kann ee sech verloossen? --87.67.226.150 15:23, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Nach eng Kéier: Prëssioun ass net falsch, et ass eng absolut valabel Alternativ nieft Prëssessioun. --Otets 16:12, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
De Saz virdrun bezitt sech op Prëssëssioun oder Prëssessioun. --87.67.226.150 19:30, 2. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Ah ok. Spezialiste fir Ënnerscheeder tëscht Dictionnairen z'erkläre sinn a priori de Les Meloures an de Soued031. Schreif hinnen déi Fro am beschten op hir Diskussiounssäit. --Otets 09:13, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Gudde moien,

Hei driwwer gouf schonn eng Kéier diskutéiert. Et kann een natierlech weiderfuere bis der Jomerdag ouni op eng valabel Äntwert aus den Dictionairen ze kommen.

Beispiller:

  • Den DFL gëtt entweder Pressessioun oni Treema a Prëssioun un.
  • Den DLW: Prëssessioun (mat Treema) a Prëssioun.
  • De Jacqui Zimmer an de 6000 Wierder: Pressessioun.
  • Den LOD mécht keen Ënnerscheed tëscht Pressioun a Prëssioun dat schengt fir deen dat selwecht ze sinn an en huet och Pressessioun.
  • De Luxdico: Pressessioun a Prëssessioun fir procession an da Pressioun a Prëssioun fir pression
  • D'Luxemburger Wörterbuch: Prëssëssioun, am Norden a Westen:Prëssioun; op der Musel: Prësëssjoun; an der Stad Prossëssioun a lokal Prëssioun.
  • Iwwerlieft Schreifweisen hunn d'WdLM mat Prössessioun an den LLU mat Procèssión.

Vu datt et déi verschiddenst Schreifweisen an den aktuellen Dictionnaire gëtt, schéngt et mir wéi wa Prëssessioun déi valabelst wier déi mir als Lemma solle gebrauchen. Prëssion ass nëmme lokal oder regional vertrueden a soll deemno nëmmen als Variant behandelt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]