Diskussioun:Provënz Zeeland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat << Zeeland >> an awer << Neiséiland >> ?

Neiséiland heescht sou, wéinst der Provënz Séiland. Logik w.e.g., an keng perséinlech Capricen!

Och d' << Flandre zélandaise >> sollt an eiser Sprooch << Séilännesch Flandern >> heeschen, an net << Zeeuws-Vlaanderen >>, wat kee Lëtzebuerger uerdentlech ausschwätze kann. Wat soll dee Quatsch?

ENG LINN hunn, a sech drunn halen!

Gréiss,

Chris

Ech sinn och dofir. A Middelburg gëtt Mëttelbuerg, a Zuiderzee gëtt Südlecht Mier. --Jean-Jacques
@Chris: "Neiséiland" ass en allgemeng bekannten Numm vun engem allgemeng bekannte Land. Dofir gouf en an eiser Sprooch agebiergert. Beleeg fënnt ee bei rtl.lu, eldoradio.lu, meteo.lu, asw. "Zeeland" ass den Numm vun enger Provënz, deen net agebiergert ass (well sielen am Gespréich) an dofir loosse mer en an der Originalsprooch, wéi dat bei (bal) allen anere Provënznimm hei op der Wiki och de Fall ass. "Zeeuws-Vlaanderen" ass e Fachbegrëff fir dee Streech; wann een dee sicht, dann ënnert deem Numm. --Zinneke (Diskussioun) 16:10, 27. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]
PS Och wann hei eng Diskussiounssäit ass, sou misst et awer méiglech sinn, dat ouni Gejäiz (Grousschrëft, Ausruffzeechen) iwwer d'Ronnen ze bréngen. Probéiert einfach emol...
A wa mer scho bei vermeintleche Capricë sinn: d'Gänseféisecher schreiwe sech " " ; déi flappeg << >> gesinn zimmlech barbaresch an engem Text aus.

Salut,

Ech genéissen dem klenge Jean-Jacques säin "Humor". Mee wat seng Kompetenzen ubelaangt hunn ech awer grouss Zweifel! Seng "Erklärunge" si fir direkt een Auder op d'Stiir ze kréien (vgl. z. B. d'Diskussioun ëm "Generalstänn").

Zu Lëtzebuerg seet all Mënsch "Seeland" an "Neiseeland". Alles anescht ass Getéins, well 't geet keen no "Séiland" oder "Zeeland" sichen, an nach manner no Zeeuws-Vlaanderen.

Mir hunn de Choix: Logik oder egal wat; eng lb.wikipedia op déi Verlooss ass, oder eng Spillerei fir e puer angeblech Besserwisser a penibel Zensoren. Fir sécher ze goen wäerten déi meescht Leit geschwënn op aner Versioune vu wikipedia auswäichen...

C.


Zu Lëtzebuerg seet all Mënsch "Seeland" an "Neiseeland".
Ah sou?? hu mer Statistiken an Aussoe vu Linguisten doriwwer??. Verschidde lëtzebuergesch Dictionnaire behaapten de Contraire. -- de klenge Jean-Jacques.
Fir sécher ze goen wäerten déi meescht Leit geschwënn op aner Versioune vu wikipedia auswäichen
Ganz gutt Iddi: Z.B op déi Däitsch --> Generalstände a Generalstaaten. Déi hu kee Problem fir déi zwee ze gebrauchen, mä déi Däitsch waren och nach nie ganz logesch. -- de klenge Jean-Jacques