Diskussioun:Réimescht Räich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sou, wéi ëch am Historique gesinn, sinn ëch den éischten, dem um Briséis séngem Artikel Ännerungen virgeholl huet, die een lo nit onbedingt muss (allerdings kann) als "mineur" ugesinn, dofir soën ëch villäicht léiwer un deser Plaatz waat, a firwaat: - et ware mir verschidden Sätz am Ufank opgefall, die iergendwéi hallef färdisch ausgesinn hunn. Mir war et, wie wann se an der Mëtt géifen ophaalen, dunn hunn ëch se vervollstännigt. Eenzelner ware mir nit preziis genuch, aner Saachen ze preziis (etwa d'Andeelung a 6 Kapitelen un déi den Auteur sëch da guer nit hält :-), jee op eemol hunn ëch fond dass d'Definitioun (daat waat virun der verstoppbarer TOC steet), vill ze laang gi wor, an sou hunn een Kapitel "Begrëffsbestëmmung" agefouert. Dest och fir den Abschnitt iwert die laténgisch Sprooch ze retten, den ménger Meenung no nit an d'Definitioun vum "réimische Räich" gehéiert, mee éischter zum Begrëff "laténgisch Sprooch" oder awer zur "Wirkungsgeschichte" vum Imperium. Zur Geschicht selwer hunn ëch (bis elo) näicht geännert. Dofir feelt am Ablack d'Zäit. --Osbert 16:01, 17 Juli 2007 (UTC)

Just eng Fro zum Th. Mommsen sénger "Römische Geschichte". Ee gudd Buch zur allgeménger réimischer Geschicht, ouni Zweifel, a vu den Verfall vum Copyright och liicht a bëlleg ze beschaafen! Mee virwaat steet et op der Literaturlëscht zum Imperium, daat laut deser Definitioun erréischt mat dem Augustus ufänkt, derweil dem Mommsen säi Buch mat der Ermuerdung vum Ceasar ophällt? (De Mommsen huet nit gären iwert d'Keeserzäit geschriwen, wëll en dozou schon huet missten Virliesungen haalen. An die louder Studenten sollen jo nit méngen sie briichten nit an d'Virliesung ze kommen, just wëll se d'Buch kaaft hunn) (vum Osbert) Merci Cornischong! Mir ass mëttlerweil och kloër, firwaat den Mommsen op der Lëscht steet: den, un sëch recht gudden Artikel ass un sëch een Opress iwert die gesamt réimisch Geschicht! Daat ass un sëch nit schlëmm, mee leider steet ee domat am Widersproch zu sénger Definitioun. Sollt een iwerleen, een Haaptartikel "réimisch Geschicht" unzeleen?--Osbert 19:02, 17 Juli 2007 (UTC)