Diskussioun:Referendumen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mojen Zinneke, misst et net Referendi heeschen? (De Pluriel am Latäin), kléngt iergendwéi och besser wéi Referendumen. --PlayMistyForMe 08:55, 15. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, wann, dann "Referenda" (Plural vum Neutrum) ;-). "Referende(n)" wier och nach eng Méiglechkeet. Ech maachen do kee Casus belli draus :-)) --Zinneke 12:38, 15. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Den DFL seet Referendumen. Les Meloures 10:04, 15. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Wéi géifen d'Réimer soen: "mea culpa". Dajee, dann eben Referendumen, och wann et wierklech komesch kléngt. --PlayMistyForMe 18:40, 15. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
"Am Fong" wier et ubruecht, dräi Artikelen aus engem ze maachen, et handelt sech jo bei deenen dräi Refendumdaden ëm all kéiers spezifesch Saachen (an et gëtt schonns een zu deem iwwert d'Eeuropäesch Verfassung). Eenzeg d'Kategorie giff dann nach esou heeschen, wéi elo den Artikel... --Zinneke 14:51, 16. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Referendume vun 1919[Quelltext änneren]

Salut, 't wier och intressant, de Leit emol ze soën, wat hannert deene 4 Choix'en am politeschen Deel vum Duebele Referendum vun 1919 stung!!! 1 a 4 sinn evident, mee...: Eng "aner grande-duchesse" heescht, dat d'Lëtzebuerger d'Marie-Adelheid hätte kënnen zréckruffen. An eng "aner Dynastie" stoung fir eng eventuell Personalunioun mat der Belsch do, déi deemols déck annexionistesch Téin vis-à-vis vum Grand-Duché gebloosen huet: de Kinnek Albert I. hätt deemno kënne grand-duc vu Lëtzebuerg ginn... Ass dat alles nët méi wichteg, ewéi eng plakesch Opzielung? D'Wiki soll kreativ, kritesch, beléierend, asw. sinn. D'Leit mussen se opsichen, fir méi gewuer zë ginn, fir och déifgrënneg Informatiounen zë kréien a fir e séchert Wëssen opbauen zë kënnen. Soss ass se iwwerflësseg. Courage nach, de Wee ass laaaaang, an den Avenir ass voller Zoukonft! Chris [11:39, 6. Aug. 2010 IP 83.99.94.110]

Een Arrêté huet d'Vollek opgefuerdert fir sech z'entscheeden tëschent. Wierklech??? De Jemp
Gudde Moien,
Et wier flott wa Stëmmziedelen vun deene Referendummen opzedreiwe wieren. Gesäit den een oder aneren do eng Mèiglechkeet.
Les Meloures 11:24, 8. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci un all déi guttgemengte Rotschléi a Verbesserungsvirschléi. Den Zauberknäppchen dofir heescht "Säit änneren", jiddereen, deen eppes méi weess, oder eppes verbesseren oder kompletéiere wëll, ass invitéiert, dat am Artikel selwer ze maachen. --Zinneke (Diskussioun) 19:42, 2. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Bonjour, wéi as datt mat der momentaner Situatioun oder gëllen déi Referendummen vun dësem Summer nit. --87.66.205.97 17:46, 2. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

(Nodréiglech): Huet en eegenen Artikel kritt.--Zinneke (Diskussioun) 12:41, 23. Mee 2017 (UTC)[äntweren]

Splécken (bis)[Quelltext änneren]

Ewell huet all Referendum säin Artikel. Ausbauen, Iwwerschaffen a Kompletéieren ass erwënscht. --Zinneke (Diskussioun) 12:39, 23. Mee 2017 (UTC)[äntweren]