Diskussioun:Revolutionär Sozialistesch Partei (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Kategorie "Politesch Parteien" spillt an dësem Fall ausdrécklech net. Am Text geet och net dovu Rieds.--Cornischong 16:14, 18 Oktober 2006 (UTC)

Bei "Déi Lénk" hu mer dee Probleem och Wa mer géifen d'Kategorie a "Politesch Parteien a Gruppen" ëmbenennen? --Zinneke 19:14, 18 Oktober 2006 (UTC)

LCR vs RSP[Quelltext änneren]

Musse mer onbedingt d'LCR getrennt vun der RSP an engem Artikel behandelen? Der ru-wiki geet och een Artikel duer, deen iwwert d'RSP. An da wier och kee Problem méi mat der Kategorie "Politesch Parteien". --Otets 16:31, 12. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech kenne mech mat kryptokommunistesche Feinheeten net genuch aus, fir ze wëssen, wat den Ënnerscheed tëscht deenen zwéin ass, a firwat den Numm g'ännert gouf. Wann et just eng Raider-Twix-Geschicht war, kann een déi Artikele fusionnéieren (freet sech just zu wat fir enger Appellatioun dann elo). Wa fir déi Numännerung programatesch-ideologesch Grënn do waren, géif ech se ausernee loossen. --Zinneke (Diskussioun) 10:54, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och keen Expert wat déi Parteien ugeet. An der éischter Fassung vun eisem Artikel geet emol vun enger einfacher Nummännerung rieds. Fir d'ru-wiki ass och alles ees, si hunn déi zwee an hirem RSP-Artikel a verlinken op eisen LCR-Artikel (do hat ech dee vum RSP nach net geschriwwen). Ech réckelen dann alt emol, dat schéngt mer a priori hei ubruet. An zur Nout kéint et jo nach réckgängeg gemaach ginn. --Otets 13:54, 19. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]