Diskussioun:Roger Ebert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass et elo Libling (Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch, Ed. Saint Paul) oder Liibling?? Johnny

Gudde Moien, ech géif do den DLW net nolauschteren, well déi Schreifweis geet géint d'Gesetz vum laang ausschwätze vun de Vokaler i/u/o/a. Sou leeft dat mam Wuert "Liebling-" oder "Liebes-", et gëtt kee laangen "ie" dee wéi en "ii" ausgeschwat gëtt am Lëtzebuergesche wéi am Däitschen, also muss aus dem "ie" en "i" oder en "ii" ginn. Bei "Libes-" hu mer de Virdeel datt virum i just ee Konsonant ass an zwar de b da gëtt den i automatesch laang ausgeschwat well op der zweeter Plaz e Vokal (do ass d'Zort vu Vokal egal) ass. Bei "Liebling(s)-" hu mer de Problem datt wa mer den "e" ewechhuelen datt den "i" kuerz ausgeschwat gëtt well zwéi Konsonante virdru sinn also muss e verduebelt gi fir laang ausgeschwat ze ginn. A jo am LOD.lu sinn déi eenzeg Wierder déi déi Prefixen am Ament hunn, Libesbréif a Liibling. Hoffen dat beäntwert deng Fro ;). --Soued031 (Diskussioun) 23:29, 4. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Kann een da net ganz einfach dee lëtzebuergeschen Ausdrock benotzen: Säi léifste Film war .... ? --Pecalux (Diskussioun) 05:58, 5. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Och. --Soued031 (Diskussioun) 10:17, 5. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]