Diskussioun:Rotterdam

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

moien. Firwat gëtt Infobox net ugewissen ? --178.254.73.75

Well et bis ewell nach keng esou eng Infobox gëtt. --Otets 12:08, 16. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

A wann et eng géif ginn da géif se net esou heeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:11, 16. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend. Wéi heescht dat Déngens dann, wann et keng Infobox ass?

Et huet kee gesot et wier keng Infobox. Et gouf just gesot se géif net esou heeschen, nämlech Uert an Holland. --Les Meloures (Diskussioun) 09:09, 10. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Schwéier ze verstoen déi Ausso! Wéi heescht dat Déngens dann, wann et net Infobox heescht? ass d'Froh sou besser formuléiert? (Fro koum vun der IP 83.99.38.18)

Steet hei een op der Leitung? Et steet dach uewendriwwer wéi se net soll heeschen. Wat ass dat do e Gedeessems. --80.200.217.193 13:21, 17. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Fro ass wéi se heescht, an net wéi se net soll heeschen. Et gouf just gesot se géif net esou heeschen, nämlech Uert an Holland. Wat soll dat bedeiten?

Dann nach eng Kéier vu Vir ugefaangen:
Hei gouf gefrot:Firwat gëtt Infobox net ugewisen
Du gouf g'äntwert: Well et bis elo nach keng esou eng Infobox gëtt Domat war gemengt, eng Infobox fir hollännesch Uertschaften.
Du sot de Les Meloures: A wann et eng géif ginn (eng Infobox fir hollännesch Uertschaften) da géif se net esou heeschen. Do hat nämlech ee probéiert eng Infobox dranzesetzen déi esou geheescht huet {{Infobox Uert an Holland}}.
Wann et eng géif ginn dann hätt déi Infobox nämlech en Numm nom Schema vun den aneren Infoboxe fir Uertschaften, an net e Fantasienumm vun engem onbekannte Benotzer, dee mengt well hien se esou nennt misst et se ginn a si misst och nach deen Numm hunn deen hie mengt.
A frot elo wann ech gelifft net wéi se dann heescht, well se huet nach keen Numm well et se nach net gëtt. --87.66.196.116 13:51, 20. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Rotterdam huet zwar de gréissten Hafe vun Europa, mä de gréisste Benelux Hafen ass zu Lëtzebuerg.

Schwéier ze vertsoen déi Ausso. --Les Meloures (Diskussioun) 20:36, 16. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]