Diskussioun:Rugby Club Walferdange "De Renert"

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen, hei an op der Websäit vun dem Club, op d'manst sechs verschidden Nimm. Wéi heescht deen dann elo "offiziell"? Ruby Club Walferdange "De Renert"? Walferdange Ruby "De Renert"? Walferdange Rugby Club? Rugby Club Walfer? WAlfer Rugby? oder wéi? --Zinneke 13:14, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

ech hun elo am Artikel all Kéiers d'Formule benotzt, RUGBY CLUB WALFER, mee wann et geet, eisen richtegen Numm 'offiziell' ass Rugby Club Walferdange "De Renert", ass eng Maskottchen, mee gehéiert ower zum Numm.

op jidferfall villmools Merci fir är Hellëf, an fir d'gedold déi Dir mat mir hutt.

Martial MARTIN

kënnt der och nach soen wei ech dat maache, fir eng photo an denr artikel eran ze kréien

Merci

Keng Ursaach, dat ass jo de Prinzip vu Wikipedia, dass Artikelen duerch d'Hëllef vu méi Leit verbessert ginn.
E Bild eropluieden ass ganz einfach: Klick op "Eroplueden" an der lénker Kolonn, lies wat do steet, wiel de Fichier vun dengem PC aus, gëf em en onmëssverstandlechen Numm, fëll déi gefroten Informatiounen zu Sujet, Auteur a Lizenz aus, a klick ënnen. Wann d'Bild op der Wiki gespäichert ass, setz op d'Säit, wou s de d'Bild wëlls gesinn, de Code [[Fichier:Numm_vum_Fichier.JPG|thumb|290px|Beschreiwung]]. --Zinneke 23:08, 3. Okt 2008 (UTC)