Op den Inhalt sprangen

Rugby Club Walferdange "De Renert"

Vu Wikipedia
Rugby Club Walferdange "De Renert"
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 28. Februar 1990
Sëtz Mëlleref
  51 rue de l'Alzette
President Zelito Neves[1]
Member vu(n) Fédération luxembourgeoise de rugby
RCS F3902
Websäit http://www.walferdange-rugby.lu/

De Rugby Club Walfer "De Renert", offiziell als Walferdange Rugby "De Renert" am Handelsregëster agedroen, ass e Rugbysclub zu Lëtzebuerg, deen den 28. Februar 1990 ënner dem Numm Luxembourg Rugby - De Renert gegrënnt gouf. Den Numm gouf de 17. Mee 1911 op den haitegen Numm g'ännert.

D'Iddi fir nieft dem Rugby Club Luxembourg (RCL, gegrënnt 1973) en zweete Rugbysclub zu Lëtzebuerg ze grënnen, geet op de Fernand Goldschmit zeréck, e Rugbyspionéier zu Lëtzebuerg an den 1970er Joren.

De Rugby Club Walfer huet ufanks am belsche Championnat gespillt, wou en an der véierter Divisioun ugefaangen huet, an 1991 Divisiounsmeeschter gouf, an domat an drëtt Divisioun koum. Dat Joer duerno konnte se an d'zweet Divisioun eropklammen.

En neien Terrain gouf vun 1991 un nieft der Walfer Schwämm amenagéiert. An de Joren duerno huet de Veräin ofwiesselend an der zweeter an drëtter Divisioun gespillt. Zënter der Saison 2006-2007 an där se sech als Zweet klasséiert haten, spillen d'Fiiss vu Walfer erëm an der zweeter belscher Divisioun.

Zanter der Saison 2018-2019 spillen d'Senioren an der Regionalliga RLP/LUX, an där Clibb aus Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg spillen.

Walfer huet zanter 1996 eng Rugbysschoul fir Kanner. 2007 huet de Rugby Club Walfer säin éischte Beach Rugby Tournoi organiséiert.

Zu Walfer spillt och déi eenzeg Rugby Dammenekipp aus dem Land, déi sech Les Renardes nennt. Si spille weiderhin an der 2. Divisioun vum Championnat an der Belsch.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) Walferdange Rugby "De Renert" - Le comité. www.walferdange-rugby.lu. Gekuckt de 25.10.2025.