Diskussioun:Séchel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"An arabische Länner ass d'Roud Séchel den Equivalent vun eisem Roude Kräiz.": -An ech hätt geschwuer, et wier en Hallefmound. --Cornischong 08:38, 26 Juli 2006 (UTC)

An ech weess esouguer datt et den Hallefmound ass, kuckteinfach emol hei an dofir Läschen ech de Satz elo mol --Robby 10:20, 26 Juli 2006 (UTC)

"Dëm réimischen Historiker Tacitus no hätten keltisch Druiden gëlde Séchelen fir hier Ritualen benotzt.": - Kéinte mer net emol uginn, wou deen Text ze fanne wier. Besonnesch beim Tacitus léist dat sech bei den Annalen (wann et dora steet) einfach uginn xx. Buch, yy. Kapitel. An der de-Wiki hu se sech ugewinnt, Quellen unzeginn. --Cornischong 09:19, 26 Juli 2006 (UTC)

"Et fënnt én se och ganz vill op aaneren arabesche Fändelen erëm." Ganz vill? Op watfir engem Fändel ass eng Séchel ze gesinn? --Cornischong 18:29, 5 Januar 2007 (UTC)

Et gëtt op mannst aacht Fändelen wou d'Séchel drop ass. Natierlech net als Handwierksgeschiir mee als Moundséchel an et sinn och net alleguer arabescher et sinn och aner Länner derbäi wou den Islam d'Haaptrelioun ass oder wou se aus enger aner Ursach drop ass. (Ech hunn nom Aachten opgehale mat zielen).

Wann et ëm den Hallefmound geet dann hunn ech eppes net verstaan. Fir mech war bis elo den Hallefmound d'Halschend vum Mound also Halschent vum Krees. Op de Fändelen ass mol net e véirels drop also daat wat en als Moundséchel bezeechent. Les Meloures 18:47, 5 Januar 2007 (UTC)

D'Fransouse gebrauche den Numm Croissant derfir do freet och keen op een e kann iessen Les Meloures 19:00, 5 Januar 2007 (UTC)

Déi rout Séchel oder rout Moundséchel oder de roude Croissant oder daat rout Bild op wäissem Fong wat e bësselche manner wéi e Véierelsmound duerstellt ass 1949 op der Genfer Konferenz offiziell als Zeeche vun de Muselamesche Länner fir d'Rout Kräiz unerkannt ginn. Les Meloures 19:08, 5 Januar 2007 (UTC)

Et kann en natierlech driwwer diskutéieren op en dat elo Séchel nennt oder net. Les Meloures 19:15, 5 Januar 2007 (UTC)

Kennt den Ausdrock Hallefmound och vläicht dohir well déi däitsch Halbmond soen opschonns et keen ass, d'Fransouse soen och net demi-lune derfir. Les Meloures 19:30, 5 Januar 2007 (UTC)

Et huet ganz eendäiteg näischt mat enger Séchel ze dinn, de rouden Hallefmound ass an der Tierkei entstanen wärend dem tierkesch-russesche Krich, wou d'Tierken (Osmanen) net bereed waren fir sech e roud Kräiz (an hiren Aen e Symbol vun der chrëschlecher Relioun) ëmzebannen fir hiren verwounten Zaldoten zu Hëllef ze kommen. Ménger Meenung no sollt een dat op kee Fall Séchel nënnen wëll dat géif Allusioun op eng kommunistesch Origine maachen an da géif eng weider Nuance an déi Problematik drabréngen déi dat ganzt nach méi onverständlech géif maachen.

Dat kléngt ganz schéi komplizéiert an ass et och, besonnesch wann e bedenkt datt 2006 do een drëtt Symbol derbäi koum an zwart de Roude Kristall déi wéi eng rout Raut, déi bannendran wäiss ass, ausg3esäit. --Robby 22:26, 5 Januar 2007 (UTC)

Ass et dann een Hallefmound ech gesi keen. Just déi däitsch nennen et Halbmond. D'Fransouse soe Croissant wat fir Moundséchel steet an d'Englänner nennen et Crescent an och net halfmoon. Sou eendäiteg datt et näischt mat enger Sechel ze dinn huet ass et also guer net. Les Meloures 22:44, 5 Januar 2007 (UTC)
de:Wiki seet dann och nach dat hei:
Die Mondsichel (☾) und der Stern (Unicode U+2605) sind das international etablierte und anerkannte Symbol (☪) des Islam. Das Symbol ist auf den Flaggen einiger muslimischer Staaten zu sehen. Les Meloures 22:48, 5 Januar 2007 (UTC)

Fir et da ganz komplett ze machen et gëtt och nach e véiert Symbol de rouden Davidstär. Les Meloures 22:57, 5 Januar 2007 (UTC)

Wéi wier et dann wann een deen et esou gutt besser wees en Artikel iwwer d'Rout Kräiz géif machen. Da kéint en all säi Wëssen do dra paken.

Wann do alt mol 100 Sätz zesumme kéimen da géif ech all d'Fändele beschreiwen wou eng Séchel drop ass. Les Meloures 23:03, 5 Januar 2007 (UTC)

Offizielt Symbol

Hei ass e bild vun de Moundphasen op N° 3 a N°7 geséit ee wat Hallefmound ass Les Meloures 23:25, 5 Januar 2007 (UTC)

Wann ech déi däitscht Texter do driwwer liesen da ginn ech krank. Déi faselen an de Bschreiwunge vun de Fändelen vun deenen zwee. Hei d'Beispill vum Algeresche Fändel:

Die Mondsichel stammt ursprünglich aus vorislamischer Zeit. Da viele Staaten mit mehrheitlich muslimischer Bevölkerung den Halbmond und den Stern in ihren Flaggen benutzten, hat sich dieses Symbol als Zeichen des Islam etabliert. Les Meloures 23:32, 5 Januar 2007 (UTC)

ech hunn elo och nach am DLF d'Iwwersezung nogekuckt
Dee seet bei croissant: Hallefmound
a bei demi-lune seet en dat selwecht
Do muss och eent vun deenen zwee net richteg sinn. Les Meloures 00:17, 6 Januar 2007 (UTC)

Souwäit wéi ech lëtzebuergesch geléiert hunn soe mir fir d'Phase N° 2 De Mound steet am éischte Véierel a fir d'Phase N° 8 e steet am leschte Véierel.

Et ass och esou datt bei de beschreiwunge vun de Fändele bei de Fransousen an den Englänner de Croissant nëmmen op d'Form hiweist an néischt iwwer d'Moundphas ausseet, well wannen et dat wier, da wir de Croissant de verkéierte Wee gedréint. Les Meloures 00:27, 6 Januar 2007 (UTC)