Diskussioun:Sauerbréck zu Iechternach (N11)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" .... no ronn engem Kilometer mat der B57 / E29.": Kann do nach een dat richtegt Verb derbäisetzen? Merci. --Cornischong 11:41, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

"verbënnt" steet dach do?!--Z.

Dat war e komplizéierte Sazbau; do kënnt eisereen net méi no :-) --Cornischong 18:01, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Äisbriecher, Peegellat a Bréckenhelleger[Quelltext änneren]

Ech hunn ë.a. nach Fotoe vun engem vun den Äisbriecher vun der Bréck, vun der Peegellat (oder wéi Anerer dat wëllen nennen) an natierlech vum Bréckenhellegen, dem Abt Bertels. Well ech net wëll mat Poesiealbumen ufänken, wier et vläicht eng Iddi, wann een, deem eppes dozou sollt afalen, e puer Sätz fir nei Artikele wéilt spendéieren. Einfach emol esou. D'Biller kommen da séier no. --Cornischong 18:00, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

"Net wäit ewech" vun der aler Sauerbréck leeft d'Lauterburerbaach an no derbäi d'Ueswellerbaach an d'Sauer. Gëtt et iwwer déi béid "hei" eppes, oder kéint et sinn, datt déi "hei" ënner engem Kënschtlernumm optrieden? --Cornischong 21:43, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Eng Fro:

Den Ch. Kohl deen d'Sculptur vum Bertels gemaach huet war dat vläicht den Heiten?

Tjo, dat ass net ganz kloer: Um Sockel vun der Statu (op der Bréck) steet "CH. KOHL" ageklappt. Et ass also "gutt méiglech", datt et deen ass. Fir sécher ze sinn, geet et awer net grad duer. --Cornischong 22:53, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


D'Lëscht vun den Nieweflëss gouf verbessert.

Ech huelen un datt déi mat hei gemengt war. Geblimmelt Sprooch am Talk mécht ëmmer e bësselche Kappzebrieches, fir erauszefanne wat eventuell, vläicht dach, oder och, awer net kéint gemengt sinn.

D'Lëtschebaach gouf erausgeholl well déi ass der Waasserverwaltung no eng Niewebaach vun der Lauterburebaach (Code 435), déi elo an der Plaz steet.

D'Aleferbaach (Code 437) koum derbäi, dat ass déi aner Baach déi net wäit ewech dervunner an d'Sauer leeft. D'Ueswellerbaach (Code 441) gëtt vun der Waasserverwaltung als Niewebaach vun der Aleferbaach gefouert.

Les Meloures 23:21, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Wa vun "hei" Rieds geet, da geet et natierlech ëm d'"lb-Wikipedia, ëm wat da soss? Datt et soll d'Aleferbaach sinn, déi nieft der Lauterburerbaach no bei der aler Bréck an d'Sauer leeft, dat géif mech awer droleg wonneren. Mee, ee Moment .... ech lueden nach eppes erop .... --Cornischong 23:43, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Eng 300 Meter vun der aler Bréck ewech (geschat!!) lafen zwou Baachen ........ (alles scho gesot). Dëst Schëld steet bei enger dovun. U sech misst dat jo kloer sinn]]

Tjo war déi eng soen a maachen a wéi déi déi zoustänneg derfir sinn et nennen, waren nach ëmmer zwee bis dräi puer Schong.

Dofir halen ech mech un d'Kaartewierk vun der Administration de la gestion de l'eau déi dem Interieur ënnersteet. Ech war ganz frou fir dat fonnt ze hunn, well dat eng zolitt Basis ass.

Du kanns jo mol an der Diskussioun:Péitruss kucken wat d'Stad Lëtzebuerg vun der Péitruss méngt. Et kéint een heiansdo denken déi topographesch Kaarte wieren eréischt gëschter erauskomm, an datt d'Leit ménge si wieren doriwwer eraus vu Klunnie gemaach ginn, amplaz vun de Verwaltungen déi derfir zoustänneg sinn.

Mat eisen Uertschaften ass et dat selwecht. Dofir hunn ech fir an d'Gemengenartikelen eng Schabloun gemaach déi no Revisioun an den Artikel stoe kënnt, fir datt an Zukunft Diskussiounen ausgeschloss sinn.

Mat de Baache solle mer dat selwecht maachen, an ons un déi Verwaltung halen déi derfir zoustänneg ass. Et goufe jo schonns bei Baache Verbesserungen an deem Sënn gemaach.

Wann d'Schbloun iwwer d'Uertschaften der nach net opgefall ass kanns hei ënnendrënner den Text fannen deen drasteet, an no der Verbesserung beim Artikel an de Referenze steet. Als Beispill kannst de d'Gemeng Kielen kucken. Mä vu datt ech eleng net fir 6 ka schaffen, a soss der nt vill sech fir dee Kreemchen intresséieren, wäert et nach e Strapp dauere bis se all fäerdeg sinn.


D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.


P.S.
Zu der Foto vum Zännstaangelager: Wat deet déi Zännstaang beweegen? Fir méi däitlech ze sinn: "wat dreift déi Zänstang un, oder vu wat gëtt gëtt si ugedriwwen?". Oder ass et e Bréckelager op Zännstangen. Um Bild erkennt een net vill.
Les Meloures 00:39, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Mech intresséiert net, "wat d'Stad Lëtzebuerg vun der Péitruss méngt". Ech war selwer bei d'Leit vum techneschen Déngscht vun der Bartrenger Gemeng, a krut vun deene frëndleche Leit all Erklärungen, déi mech intresséiert hunn mat Kopië vu Kaarten an Deeës méi. Nodeems ech dann déi intressant Diskussioun doriwwer gelies hat, wollt ech net méi stéieren. Iwwer de Saz "Wann d'Schbloun iwwer d'Uertschaften der nach net opgefall ass", dat hei: Hei gëtt schonns iwwer véier Joer Honnerte vu Stonne mat Uertschaftsschabloune verjuppelt. Et ginn Uertschaften, déi hu bis ewell hir drëtt! A bei deene sinn der, déi 1 (a Wierder "EE") Saz Text hunn. Datt sech hei amuséiert gëtt mat "Uertschaften", déi et op enger Lëscht vun enger Verwaltung stinn, " déi derfir zoustänneg" ass, ass jo ganz wonnerléif. Wann ech bei Gemengesekretären nogefrot hunn iwwer d'Uertschaften an hirer Gemeng, an deenen déi Nimm gewisen hunn, déi an den Artikele stinn, hunn déi de Kapp gerëselt. Ech erënnere mech nach ze gutt, wéi laang et gedauert huet, bis datt endlech valabel Awunnerzuelen an deene Këschtercher, Haisercher oder Schablounercher stoungen. All Méindesmueres gëtt nees un den Déiereschablounen hantéiert. Mär ass dat Thema also net ganz onbekannt. Déi Diskussiounen, ob dann elo e Buergermeeschter scho vereedegt wier, oder net oder awer dach, si mer och nach an Erënnerung. "Wat deet déi Zännstaang beweegen?" Ech hu mat engem Nopeschbouf doriwwer geschwat, deen huet mer gesot, dat wier eng technesch Méiglechkeet, datt d'Bréck bei Temperaturschwankungen net räisst. De Bouf weess et net besser; huet seng Bom gemengt. ....... --Cornischong 07:42, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Wat dem Noper säi Bouf dozou seet ka jo eventuell stëmmen, mee dann ass op der Foto keen Zännstaangelager ze gesinn mee e Bréckelager, an doriwwer eraus geséit een Zännstaangelager ganz anescht aus.
Déi Uertschaftsnimm déi hei an den Artikele stinn, déi komme jo vun entzwousch hier. Ech kann der och soe wouhier: Deelweis vum Josy Braun senger Lëscht, an de Rescht aus der Nomenclature des localités. D'Nomenclature des localités war déi héich offiziell Lëscht déi ech am Ufank vu menger Aktivitéit op der Wikipedia vun engem Cornischong ënner d'Nues geriwwe krut. Da beklo dech elo net wann déi Nimm an den Artikele stinn, an déi aner Leit de Kapp rëselen, oder huel dech mat der eegener Nues. Les Meloures 09:00, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]