Diskussioun:Schuerelser Schlass

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech fanne fir sech op Etikette vu Wäifläschen ze baséieren, ass relatif wéineg enzyklopedesch, besonnesch wann op den Etiketten och nach esou vill Feeler stinn. Oder ass et vläicht nëmmen eng schlecht Iwwersetzung? Les Meloures 08:14, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Et ass secher richteg, datt Informatiounen op Wäifleschen secher net eng optimal Informatiounsquell sinn. Et schéngt awer wirklech ganz wéineg Informatiounen iwwer dest Schlass ze ginn. Dofir schéngt mer dest op jidde Fall mol e gudden Ufank, deen hoffentlech derzou motivéiert méi präzis Informatiounen iwwer des wéinge bekannten Ruin ze sammelen an hei ze dokumentéieren. Iwwersetzungsfeeler solle natierlech verbessert ginn.- --Sultan Edijingo 08:27, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

En Zitat ass en Zitat[Quelltext änneren]

E puer Informatioune sinn op enger Wäinetikett, vun engem Wäin deen ënner dem Numm Chastel de Schuerels verkaaft gëtt ze fannen: Wat hanner dem Duebelpunkt kënnt, steet tëscht Gänseféisercher. Entwederet steet en Zitat dran, an dann huet keen dat ze "verbesseren", oder et steet keen Zitat do. --Cornischong 16:24, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Hei den Text esou wéi en op der Etikett vun der Flesch (Pinot Gris 2005 Grd 1er cru) steet:

"Schuerels Die geheimnisvolle Burg

Wir stehen vor einem Rätsel, in keinem uns bekannten Dokument wird die Burg erwähnt. Fest steht nur, dass die Burg nie als eigene Herrschaft bestand. Das Territorium um Hostert und Wahl gehörte seit jeher zur Herrschaft Useldingen. Belegt ist, dass im Jahre 1295 Kuno von Ouren die Dörfer Vichten, Pratz und Eschette seinem Vetter Robert von Useldingen verkaufte. 1298 erwarb derselbe Robert noch das Dorf Folscheid vom Edelknecht Walter von Esch. Es wird vermutet, dass die Zeit um 1300 für den Bau der Burg in Betracht gezogen werden kann.

Die Burgruine kann man über einen Feldweg vorbei an dem Busunternehmen Unsen in Eschette erreichen (+- 1,5 km)

Chastel de Schuerels ist ein eingetragenes Markenzeichen von Caves Vinel, Rambrouch Tel:..."

Hei déi Iwwersetzung op Lb, déi am Artikel stoung:

"Déi geheimnisvoll Buerg. Mir sti virun engem Rätsel, a kengem eis bekannten Dokument gëtt dës Buerg ernimmt. Sécher ass nëmmen, datt dës Buerg ni als eegen Herrschaft bestoung. D'Géigend ëm Hueschtert a Wal huet zënter jeehier zur Herrschaft Useldeng gehéiert. Beluecht ass, datt am Joer 1295, de Kuno vun Ouren d'Dierfer Viichten, Proz an Éischt sengem Koseng Robert vun Useldeng verkaaft huet. 1298 huet deeselwechte Robert nach d'Duerf Folscht vum Edelkniecht Walter vun Esch ofkaaft, sou datt déi Zäit ëm 1300 fir de Bau vun der Buerg a Betruecht gezu ka ginn." (Iwwersat aus dem Däitschen.)

Wierklech?[Quelltext änneren]

"Iwwer déi Schlass- oder Buergruin gëtt et wéineg Informatiounen." Dat ass eng kéng Behaaptung! War da schonns een op d'Sich gaangen? --Cornischong 16:40, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo ech. Hunn awer bis elo net vill fonnt. Les Meloures 16:44, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Selbstverständlech hunn ech och an der Literatur gebliedert, déi a menger Reechwäit ass: ouni Erfolleg. Mä hoffentlech fënnt en anere méi! --Sultan Edijingo 18:32, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Schuerelser Wäin (Dëst Gepoters gouf vum Cornischong senger Diskussiounssäit heihin transposéiert)[Quelltext änneren]

Moien de Sultan huet elo den Text wéi en op der Etikett steet emol op d'Diskussiounsäit vum Schuerelser Schlass gesat. Solle mer dann elo deen däitschen Text an den Artikel setzen? Les Meloures 20:27, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien. Glécklecherweis huet de Rammerecher Wäinhändler dee Wäin op der Kaart, soss wéisst ech bis haut nach näischt vun deem myteriéise "Schlass" am Bësch. Dank dem Sultan Edijingo si mer dat jo gewuer ginn. No menger Meenung no gehéiert een, zwéi Sätz iwwer de Wäin dran, fir ze verstoen, wéi "Kulturelles" op de Maart gedroe gëtt. --Cornischong 07:33, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Et deet me leed mee dat do ass keng Äntwert op meng Fro. Et dreit sech net ëm Kulturelles, mee ëm deng Reklamatioun En Zitat ass een Zitat, op der Diskussiounssäit. Les Meloures 07:41, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
"Solle mer dann elo deen däitschen Text an den Artikel setzen?": Gëscht huet et nach geheescht, et wier en Text op Lëtzebuergesch. "Hei steet och dësen Text: "Déi geheimnisvoll Buerg. Mir stinn virun ....." A bis elo hunn ech nach keng Fläsch oder Etikett am Grapp gehat. --Cornischong 07:53, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien dir 2,
Fir mech ass dat esou an der Rei: op der Diskussiounssäit hu mer den däitschen Text am Original vun der Wäiflesch an am Artikel eng Iwwersetzung. Et soll ee sech mam Wàinhändler a Verbindung setzen, hien huet jo eventuell méi präzis Quellen. --Sultan Edijingo 07:56, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien

Firwat drécks de dech laanscht kloer Äntwerten?

Ob s du eng Fläsch am Grapp has huet iwwerhaapt näischt mat der Diskussioun ze Dinn.

Datt et eng Iwwersetzung wier, war no menger Nofro op der Dikussiounssäit kloer.

Du koums du mat der Bemierkung En Zitat as en Zitat an da soll näischt verbessert ginn.

Deemno dann nach eng Kéier d'Fro méi däitlech: Solle mer d'Iwwersetzung vum Text stoe lossen oder den Text als Zitat betruechten a wuertwiertlech op däitsch dohinner setzen.

Les Meloures 08:43, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


(D'Kadasterkaart vum Schlass: Moossstab 1:5000 y=59380, x=99610)[Quelltext änneren]

Moien,

Ech fannen op deem Link keng Kaart am 5000der fir unzeklicken. Huet mäi Browser e Problem?

Water Koordinate sinn dat? Ass dat Gausskoordinatesystem? Les Meloures 09:29, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Leider ass en direkte Linknet méiglech. Et muss een 3 Donnéeën upassen. Ass et esou méi kloer? (Fir d'Kadasterkaart vum Schlass ze fannen: D'Daten an der bloer Sträif esou upassen: Moossstab 1:5000 y=59380, x=99610) --Sultan Edijingo 09:56, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Kloer ass et schonn, awer wann ech an der Echelle 5000 (fënnefdausend) antipppen dat seet d'Maschinn dépourvu d'information publique soll et net 50.000 oder 20.000 sinn? Dat schéngt nämlech ze klappen. Les Meloures 10:05, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Ouh? Bei mir klappt dat awer wonnerbar: de Moosstab léisst sech problemlos op 1:5000 astellen an och d'y- an x-Daten eraginn. Da gesinn ech schéin d'Schuerelserknupp: esouwuel am Firefox wéi am MIE - --Sultan Edijingo 10:42, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Bei mir klappt et och. --Pecalux 10:46, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Remoien, passt elo. Iergendwou muss bei mir en Hänkert gewiescht sinn. Les Meloures 13:56, 30. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

E Kolleeg vu miër huët verschidden Date fonnt déi ob Schuerels als Templer Besetz hiwäisen. Fiër Wikipedia géif daat aawër bis lo wuël nach als original research gellën, ginn also näicht derzou an den Artikel setzen. Froën hiën aawër mol ob en eng Kéier um Artikel schaffe wéilt a viläicht méi Quelle brenge kann.--Caranorn 21:44, 17. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien, gett et nach eng Méiglechkeet des Quellen eventuell hei ze nennen, dësen Usaatz wier ganz interessant! Einser Muskatnuss, 5. Mäerz 2019

Den zweete Wee sou wéi en am Artikel stoung[Quelltext änneren]

Et kann een awer och d'Rue Principale eropgoe bis ee bei de Waassertuerm kënnt. Da muss ee riets ofbéien an ongeféier 2 Kilometer dem Feldwee nogoen. Et kënnt een da bei ee klengen Agank fir an de Bësch. Do geet ee viru bis bei eng kleng Bréck; no der Bréck kënnt eng Trap. Uewenaus muss een no lénks goen a sech ëmmer um Wee halenn, bis een op d'Schuerelser Schlass stéisst.

Wann een dem Feldwee 2 km nogeet ass ee scho méi wäit wéi de Réidengshaff, an dann ass een 1.200 Meter Loftlinn vum Schlass ewech.
Iwwer de Wee deen am Artikel steet sinn et knapps 700 Meter.
Iergendeppes stëmmt net mat den Distanzen, duerfir hunn ech dat emol aus dem Artikel heihinner getässelt. Les Meloures 15:06, 18. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Schuerelser Schlass - Dokumentatioun[Quelltext änneren]

Gudde Moien!

Wollt mol nofroen ob een eppes neits weess oder wou ech kéint weider Detailer iwwer d'Schuerelser Schlass kéint fannen...

Ech sichen ouni groussen Erfolleg no Detailer oder Pläng resp. historesche Biller oder awer och no aalen Artikelen iwwer des Buerg.

Villmools merci fir eventuelle Feedback

Gerhard von HMB

Merci fir däin Interessi. Mat vill Méi hu mer alles zesumme gekraazt wat mer fonnt hunn, fir dësen Artikel ze schreiwen. Mir sinn och drun intresséiert weider Detailer, Biller oder Pläng ze fannen. Wann s du (oder en anere Lieser) also dach eppes Neies fanne solls, wiere mer frou, wann s du dann dësen Artikel kéints vervollstännegen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:27, 13. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]