Diskussioun:Selz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gehéiert Selz net zu der Gemeng Tandel? Websäit Gemeng Tandel --Fliedermaus 12:38, 9 August 2006 (UTC)

Selz gëtt et zweemol. Eemol an der Gemeng Bettenduerf an nach an der fréierer Gemeng Baastenduerf, also elo Tandel. (Aus dem Annuaire Officiel, 2000, Vol. 1 Annexes - Nomenclature des localités du Gr.-D. de Luxembourg) --Cornischong 19:08, 9 August 2006 (UTC)

Mäi Virschlag: "Selz" op "Selz (Bettenduerf)" réckelen a "Selz (Tandel)" am Artkel Tandel als Uertschaft dobäischreiwen. Oder? --Fliedermaus 11:04, 10 August 2006 (UTC)

Dat ass menger Meenung no keng gudd Iddi, da kéint een nämlech mengen et géif 2 Uertschaften déi Selz heeschen. Ech sin dofir fir dat esou ze vermierken, wéi dat och beim Grondhaff de Fall ass deen esouguer an 3 Gemenge léit. --Robby 11:15, 10 August 2006 (UTC)

Ass et da wierklech esou dat d'Gemengegrenz tëschent Bettenduerf an Tandel duerch d'Uertschaft "Selz" leeft. Da misst jo een Deel vu "Selz" zu der Gemeng Bettenduerf gehéieren an den aneren Deel zur Gemeng Tandel.--Fliedermaus 11:41, 10 August 2006 (UTC)

Ech hun hei mol op dem Site um Institut Grand-Ducal eppes fonnt wat dorop hiweist. Do stinn nämlech ënner Selz déi 2 Gemengen Bastenduerf (= elo Tandel) an Bettenduerf. --Robby 16:16, 10 August 2006 (UTC)
Beim Grondhaff ass och esou diskutéiert ginn, bis datt een (mer wëlle jo keen Numm nennen) op eng vun de Gemengen telefonéiert hat. Do war de Fall a 15 Sekonne geléist :-) --Cornischong 19:21, 10 August 2006 (UTC)

Dat Gesabbels huet en Enn fonnt. Wéi et schéngt huet een op der Gemeng gefrot an eng Äntwert kritt. --Cornischong 09:09, 6. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]