Diskussioun:Semjon Leonidowitsch Kojin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien ënner engem Bild steet. Iwan Kupala. Wahrsagung iwwer d'Kränz.

Wat huet den Iwan Kupala mat deem Bild ze dinn??? -- Les Meloures

Sou heescht d'Bild eben. Et geet net ëm de Batti als Persoun, mee ëm d'Iwan-Kupala-Fest bei deem d'Sonnewenn gefeiert gëtt. Bei deem Fest leeën d'Joffere vum Duerf hire Blummekranz (owes mat Käerz) an e Waasser, an do wou de Kranz hindreift vun do wäert hire spéidere Mon kommen - dat ass déi Zeen déi een um Bild gesäit. --Otets 15:29, 3. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Just wanted to write the same. See also fr:Kupala (fête), de:Iwan-Kupala-Tag. --Wolverène (Diskussioun) 15:35, 3. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci an dat muss de Lieser dann dreemen?? Fir méch mécht sou eng Legend net vill Sënn --Les Meloures (Diskussioun) 15:40, 3. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
Hätte mer en Artikel iwwer Iwan Kupala, dann hätte mer dee verlinke kënnen. Iwan-Kupala-Dag wéi s du et genannt hues ass och nach eng valabel Iwwersetzung déit ech mengen.
Mee fir op den Zweck vun der Legend zréckzekommen: Wann den Titel vun engem Tableau erkläert wat um Bild ass, dann ëmsou besser, mee dat misst en Titel net onbedingt, oder op d'mannst net onbedingt an enger verständlecher Form. Wann de Kënschtler dat selwecht Bild "Dideldadeldum" genannt hätt, dann hätt dat absolut guer kee Sënn gemat, mee muss et jo net, et ass just den Titel vum Bild, an do huet de Kënschtler fräi Auswiel. En Titel vun engem Tableau muss net zwéngend d'Bild erklären, e seet dem Lieser an éischter Linn wi de Kënschtler d'Bild genannt huet, a wi de Lieser d'Bild nenne ka wann e mat aneren driwwer schwätze wëll fir datt déi direkt wëssen ëm wéi e Bild et geet. Natierlech hunn och ech et léiwer wann en Tableau en Titel huet dee mer weiderhëlleft d'Bild ze verstoen, mee datt et absëns an der moderner Konscht anescht ass, dat gesäit ee wann een op déi heite Bildtitele klickt an da just nach bass erstaunt ass: Ouni Titel, Deel vun Nummer 88, Schwoarz/Schwoarz/Blo/Mauve, Schwonk, Haiser vum Hellege VI. --Otets 17:30, 3. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]


Dat ass alles schéin a gutt. Mä et soll een da wéinsten erkennen datt et den Titel ass z.B. duerch Schifschrëft an duerch eng Trennung vum Titel an aneren Informatiounen doduerch datt een an eng aner Rei geet. Heiansdo mengt een et géif u Plaz feelen oder de Meterkarreepräis wier ze héich. -- Les Meloures (Diskussioun) 17:43, 3. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]