Diskussioun:Shōhei Imamura

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Titelen an hir Iwwersetzung[Quelltext änneren]

Gudden Owend . ët wier jo net schlecht wann en e puer Titelen méi vum Imamura hei kennt erastellen, ech stelle mer just eng Fro. Wann mer hei hannert den Originaltitel, den jo op japanësch do steet eng lëtzebuergsch Iwwersetzung ginn, da notzt daat eigentlech nëmmen dann eppes, wann dës Iwersetzung identësch ass mam franzéischen Titel, waat awwer net ëmmer de fall ass. ech glewen nämlech net dass et vill Leit hei ginn, déi dem Imamura oder engem aneren japanëschen Realisateur seng Titelen op japanësch kënnen opsoen. daat gëllt eigentlech net nëmmen fir déi japanësch Realisateuren/Acteuren, mee och fir chineesesch, russesch, polnësch asw d'Lëscht ass lang. den franzéischen Titel mecht aus menger Siicht de meschte Sënn, well mer vun der belsch a Punkto Filmdistributioun ofhängeg sinn. waat machen???--Melusina 23:50, 30 Mee 2006 (UTC)

Du hues nawell "net Onrecht". Bei deenen zwéin Titelen geet et ganz gutt, mee do ginn et anerer! Mer wëllen awer mol den Originaltitel net mëssen; a mer kënnen hannendrun den däitschen (wéinst enger Diffusioun op der däitscher Tëlee), de franséischen awer och eng Iwwersetzung op lëtz. ginn. Wann s de eng naer Iddi hues, da looss se mol kommen. Mer kënne gären driwwer "streiden". --Cornischong 00:06, 31 Mee 2006 (UTC)
Ech hunn do als Cinéphile eng viellächt beschränkte Visioun vum Problem.. den franzéischen Titel as deen den fir mech ziehlt.. (Grënn: Distributioun iwwert dëse Wee an dann och Kinos- Literatur, déi an däer Sproch zimmlech breetgefächert as an och fir déi meescht am zougänglechsten ass. bei den déitschen Filmtitelen sti mier meeschtens d'Hoer zu Bierg, daat as en ganz egent kapitel, iwwert daat en nuechtelang streie kënnt. Daat mat der lëtzebuergscher iwwersetzung ass gutt, me gesäit et da net esou aus: Hei kuckt emol waat mir all esou dichteg sinn an esou furchtbar vill Sproochen kënne ??? sollt en net einfach mol en éischte Versuch machen mat enger Tabell an 3 Iwwersetzungen a wann daat dann net gutt ass, kann en daat jo nach ëmmer läschen. --Melusina 00:19, 31 Mee 2006 (UTC)
Da weis emol, wéi s de der dat virstells, an da komme mer drop zréck. Mer si villäicht net perfekt domat, mee mer hantéieren emol mat den Originaltitelen. Bei de koreaneschen, de russeschen an esou kann et natierlech heiter ginn. Et geet jo eigentlech drëm, d'Filmer erëmz'erkennen! Beim Imamura geet de Problem scho mam Numm un! --Cornischong 00:31, 31 Mee 2006 (UTC)
Zu dengem: "net schlecht wann en e puer Titelen méi vum Imamura hei kennt erastellen". Fuer roueg lass!! Et bleift nach genuch ze maachen. --Cornischong 00:33, 31 Mee 2006 (UTC)

OK da wees ech jo wat ech muer machen, elo hunn ech nach e bëschen Arbecht, déi färdeg muss sinn, éier d'Sonn nees opgeet. Eng gudd Nuecht. Melusina 00:39, 31 Mee 2006 (UTC)

Nuecht och. A maach der emol Gedanken, wéi mer kéinten eis Lännerartikele beim Film "Den indesche Film" ... opbauen. --Cornischong 00:46, 31 Mee 2006 (UTC)