Shōhei Imamura

Vu Wikipedia
Shōhei Imamura
Gebuer 15. September 1926
Tokio
Gestuerwen 30. Mee 2006
Tokio
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Enseignant, Regisseur

De Shōhei Imamura, (jap. 今村 昌平 Imamura Shōhei), gebuer de 15. September 1926 zu Tokio an do gestuerwen den 30. Mee 2006 war e japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Um Filmfestival zu Cannes krut de Shōhei Imamura zweemol déi Gëlle Palm

De Shohei Imamura kënnt an enger gutt situéierter Famill op d'Welt. Hien ass den drëtte Bouf vu véier Kanner. Säi Papp ass Dokter an dat huet de Shohei predestinéiert fir de selwechte Wee anzeschloen. Me et ass éischter den 12 Joer méi ale Brudder, dee sech fir Theater intresséiert an och an enger Trupp spillt, deen Afloss op de Shohei huet.

1945 schreift den Imamura sech op der renomméierter Waseda Universitéit an, a studéiert Literaturwëssenschaften. E Film vum Akira Kurosawa bréngt hien dozou selwer och Regisseur wëllen ze ginn.

1951 kënnt e bei de Filmstudio Shochiku, wou och den Yasujiro Ozu schafft a hie gëtt dem Ozu säin Assistent bei de Filmer Eté précoce (麦秋 Bakushû, 1951), Le goût du riz au thé vert (お茶漬の味, Ochazuke no aji, 1952) a Voyage à Tokyo (東京物語, Tokyo monogatari, (1953).

Déi enk Zesummenaarbecht féiert dozou, datt den Imamura spéider ëmmer erëm mam Ozu verglach gouf. Den Imamura selwer awer war der Meenung, datt den Ozu nëmme géif dat “offiziellt“ Japan mat sengen Traditioune weisen, wärend hien um wierkleche Japan intresséiert wier.

1954 verléisst den Imamura d'Shochiku Studioen a geet bei Nikkatsu wou en 1958 säin éischte Film dréie kann Désirs volés. Nikkatsu war iwwer dës méi radikal an exzentresch Produktioun net wierklech erfreet an huet den Imamura gezwonge méi op reng Ënnerhalung ausgeriichte Filmer ze dréien. Et sinn dat Devant la gare de Ginza, Désir inassouvi a Mon deuxième frère.

1961 däerf en nees en eegene Projet realiséieren. Cochons et cuirassés iwwer déi amerikanesch Militärbase zu Yokosuka. Nikkatsu war entsat, an déi nächst zwee Joer krut den Imamura keen Optrag. 1963 inszenéiert hien La femme insecte an 1964 Désir meurtrier. Mat dësen dräi Filmer kann den Imamura sech als ee vun de wichtegste Personnagë vun der japanescher Nouvelle Vague etabléieren.

Fir eege Projeten ouni Contraintë kënnen ze realiséieren, grënnt de japanesche Regisseur 1965 seng Produktiounsfirma Imamura Productions. Éischte Film ass dem Akiyuki Nozaka säi Buch Erogotoshi-Tachi (Les pornographes) aus dem Joer 1963 iwwer d'Liewen zu Osaka.

Komplett Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Joer Originaltitel Franséischen Titel Lëtzebuergesch
2003 11'09"01 11'09"01 11'09"01
2001 Akai hashi no shita no nurui mizui De l'eau tiède sous un pont rouge Wotlecht Waasser ënner enger rouder Bréck
1998 Kanzo Sensei Docteur Akagi Dokter Liever
1997 Unagi L'anguille Den Éil
1989 Kuroi Ame Pluie noire Schwarze Reen
1987 Zegen Le seigneur des bordels
1983 Narayama Bushiko La ballade de Narayama
1981 Eijanaika Eijanaika Firwaat net?
1979 Fukushu wa ware ni ari La vengeance est à moi
1975 Zoku Mikikanhei o Otte À la recherche des soldats perdus III
1975 Karayuki San Karayuki-san - ces dames qui vont au loin D'Madame Karayuki
1973 Muhomatsu Koyo ni Kaeru Muhomatsu revient au pays natal
1972 Bubuan no kaizoku Les pirates de Bubuan
1971 Mikikanhei O Otte En suivant ces soldats qui ne sont pas revenus
1970 Nippon sengo shi: Madamu Omburo no seikatsu Histoire du Japon racontee par une hotesse de bar
1968 Kamigami no Fukaki yokubo Profond Desir des dieux
1967 Ningen Johatsu L'Evaporation de l'homme
1966 Jinruigaku Nyumon: Erogotshi yori Le Pornographe
1964 Akai Satsui 赤い殺意 Désir meurtrier
1963 Nippon Konchuki にっぽん昆虫記 La femme insecte D'Insektefra
1961 Buta to Gunkan 豚と軍艦 Cochons et cuirassés Schwäin a Krichsschëffer
1959 Nianchan にあんちゃん Mon deuxième frère Mäin zweete Brudder
1958 Hateshi Naki Yokubo 果てしなき欲望 Désir inasouvi
1958 Nishi Ginza Eki mae 西銀座前駅 Devant la gare de Ginza Virun der Gare vu Ginza
1958 Nusumareta Yokujo 盗まれた欲情 Désirs volés

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

QUANDT, James: Shohei Imamura, Toronto International Film Festival Group, Toronto, 1997.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]