Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Songwriter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu de Begrëfflechkeeten

[Quelltext änneren]

Ass meng Approche Lidderschreiwer a Songwriter synonym ze betruechte richteg? Déi Fro stellt sech nämlech fir d'Kategorie:Lidderschreiwer (an och fir déi lëtzebuergesch Bezeechnung(en) op Wikidata).

Datt mer Liddermécher als Ënnerbegrëff vu Lidderschreiwer opfaaassen, ass och an der Kategorie:Liddermécher reflektéiert. An de Wikilink op Singer-Songwriter ass da geduecht fir een Artikel zu deem Ënnerbegrëff, huelen ech un?

Wann also

  1. Songwriter = Lidderschreiwer = allgemenge Begrëff
  2. Singer-Songwriter = Liddermécher = Spezialfall vu Songwriter

dann hunn ech et verstanen. (Wann net, da bieden ech ëm Opklärung.) --Volvox (Diskussioun) 17:25, 3. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]

Genau dat! De Begrëff Lidderschreiwer op Lëtzebuergesch hunn ech nach a kengem Kontext heieren an all de Musekssendungen a -podcasten an eiser Sprooch, déi ech bis elo gelauschtert hunn. En héiert sech menger Meenung no e bësse forcéiert un. Mee den 100,7 huet dee Begrëff zum Beispill scho gebraucht (Quell). Mengs du, ech soll den Intro dann esou upassen: "E Songwriter, heiansdo och Lidderschreiwer, ass eng Persoun..." --Bdx (Diskussioun) 18:08, 4. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]
esou upassen: "E Songwriter, heiansdo och Lidderschreiwer, ass eng Persoun..."
Ech mengen, dat wier net schlecht. Och wann de Begrëff Lidderschreiwer villäicht dobaussen net sou verbreet ass wéi einfach den englesche Begrëff z'iwwerhuelen, schéngt e jo awer z'existéieren; a sou ass zumindest direkt jiddwer Lieser kloer, datt mer déi zwee Begrëffer op der lbwiki synonym benotzen. --Volvox (Diskussioun) 18:49, 4. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]
Super, ass gemaach. --Bdx (Diskussioun) 08:29, 5. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]