Diskussioun:Spréchwuert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wou komme mer un dat Sprachwuert? Et wier zesummegesat aus Sprach a Wuert. Ech hunn d'Dictionnairë bal all ofgesicht an néierens e Sprach fonnt. Si soen all Sproch (Eenzuel) a Spréch (Méizuel). Ass et méiglech daat dee Lemma nach ëmmer ënner der Geméishändlerlogik leit. --Les Meloures (Diskussioun) 17:13, 14. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat has de schonns 2009 gefrot, an d'Äntwert war datt "Sprachwuert" souwuel am Luxemburger Wörterbuch wéi och beim Fernand Lorang steet. A wat häls de vun deem deemools verworfene "Wouerwuert"? --Otets 17:35, 14. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech fannen néierens eng Trace vun där Fro vun 2009. Ech hunn och nogekuckt, d'Luxemburger Wörterbuch kennt d'Sprachwuert effektif och nieft dem Sprochwuert an dem Spréchwuert. De Witz ass just de Sprach aleng kennt keen. Et gëtt scho komesch Saachen am Lëtzebuergeschen zesummegebastelt. --Les Meloures (Diskussioun) 17:46, 14. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Och erëmfonnt. Sinn awer der Meenung datt wann ee bei zesummegesate Wierder eent dervunner néierens fënnt, iergend eppes net sou richteg klappe kann. --Les Meloures (Diskussioun) 17:53, 14. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Wollt der grad schreiwe wou))
Ech selwer soe "Sprachwuert", a wann et am LW steet da kennen et wuel och eng oder méi Generatioune vru mer. D'Sprooch lieft nun emol, forméiert an deforméiert sech. Wann dann op déi Aart a Weis et an der Etymologie e Saz no vir geet, da fannen ech dat weder schlëmm nach "korrekturwierdeg".
Datt hei net jiddereen a sengem Duerfdialekt soll schreiwe versteet sech vum selwen, mee ech fannen datt an der lescht esouguer de Koinè a sengen erlaabte Variatiounen uerg zesummegestrach an norméiert gouf. Dat maach zwar e wichtege Schratt um Wee zu engem Héilëtzebuergesche sinn, ier d'Sprooch dann awer an 1-3 Generatiounen ausstierft, mee et mécht se awer och méi oarm, wat ech perséinlech bedaueren.
Kuerz, et gëtt "Sprachwuert", an ech mengen net datt eng "Onlogik" a senger etymologescher Entstehung iergendwelleche Problem duerstellt. Et kéint een awer d'Communautéit froen, wat am Ländche méi heefeg gesot gëtt, "Sprachwuert" oder "Spréchwuert", a sech dann dono riichten.
--Otets 18:08, 14. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]