Diskussioun:Stadmusée Simeonstëft Tréier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

De Lemma Städtesche Musée Simeonstift (Tréier) kënnt mer zimmlech quokeleg an onbehollef vir.

Als Éischt wier ze bemierken datt en op Däitsch net méi Städtisches Museum heescht mee Stadtmuseum Simeonstift Trier.

Als Zweet weisen d'Klameren am Lemma no Wikismanéier op eng Homonymie hinn déi hei net ginn ass.

Ech proposéieren deemno de Lemma op Stadmusée Simeonstëft Tréier ze réckelen an och e Redirekt mat dem Numm wéi e bei sech heescht, ze maachen.

De selwechte Fall hu mer beim Rheinesche Landesmusée (Tréier). Wa mer net den Numm Rheinisches Museum Trier wëlle gebrauchen, wier vläicht ubruecht, wa mer em scho wëllen e lëtzbuergeschen Numm ginn, e Rhäinesche Landesmusée Tréier (c.f de: Rheinisches Landesmuseum Trier), géifen nennen.

Wat mengen déi aner Wikipedianer dozou?

Les Meloures 17:59, 7. Okt 2008 (UTC)

  • meng Imprimatur hues de ;-) --Zinneke 19:10, 7. Okt 2008 (UTC)
  • och d'accord --Cayambe 19:13, 7. Okt 2008 (UTC)
  • ok Robby 23:04, 7. Okt 2008 (UTC)
  • ok --Pecalux 07:30, 8. Okt 2008 (UTC)