Stadmusée Simeonstëft Tréier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Stadmusée Simeonstëft zu Tréier läit zanter 1958 direkt nieft der Porta Nigra an de romanesche Gebaier rondrëm de Bannenhaff vum fréiere Simeonstëft, benannt nom hellege Simeon vun Tréier.

De Simeonstëftsmusée

De Schwéierpunkt vum Musée stellt Tréierer Stadsgeschicht zanter dem Mëttelalter duer. De Musée versuergt den Original vum Tréierer Maartkräiz aus dem Joer 958, d'Statue vun der Steipe an d'Palaisgaart-Skulpturen. Weider ass nach ee Stadmodell vun Tréier ëm 1800 ze gesinn. Déi eenzel Tableauen, Skulpturen an aner kënschtleresch Objete verdankt de Musée gréisstendeels de Schenkunge vun Tréierer Bierger.

Tëscht 2004 an dem 13. Mee 2007 war de Musée wéinst Ëmbauaarbechten a Vergréisserungen zou.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]