Steipe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Steipe (Tréier))
Steipe um Haaptmaart zu Tréier

D'Steipe steet westlech op der Tréierer Maartplaz am Zesummelaf vu Fleesch- an Dietrichstrooss nieft dem Rouden Haus an ass no senge Pilieren (Stäipen), déi d'Gebai droen, benannt.

1430 gouf mam Bau vun deem véierstäckege Gebai als Sëtz vum Stadrot ugefaangen, an et ass eréischt gutt 50 Joer duerno (1483) fäerdeg ginn. Den haitege Bau ass eng Rekonstruktioun aus de Joren 1969/70, nodeem dat mëttelalterlecht Gebai 1944 duerch eng Bomm zerstéiert gouf. D'Gebai dat no vir steet an duerch en héijen a géien Daach opfält, gläicht engem romanesche Wunntuerm. Et huet um Rez-de-chaussée oppe spatz Bouarkaden tëscht deenen d'Skulpture vun de véier Stadpatréiner stinn: Hl. Péitrus, Hl. Helena, Hl. Jabobus, Hl. Paulus. D'Originaler stinn haut am Stadmusée Simeonstëft. Déi eenzel Stäck mat ënnerschiddleche Fënsteren a jee engem Ritter op den Ecker vum éischte Stack si kloer duerch Bordüre vunenee getrennt.

Am Keller vun der Steipe ass haut e russesche Restaurant, deen awer och déi "guttbiergerlech" däitsch Kichen zerwéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steipe – Biller, Videoen oder Audiodateien