Tréierer Haaptmaart
Den Haaptmaart zu Tréier gouf mam Maartrecht am Joer 958 zum Zentrum vum mëttelalterechen Tréier. Haut ass e mat senge Gebaier eng vun de schéinste Maartplazen an Däitschland.
Op der Maartplaz steet d'Rout Haus an d'Steipe, e Biergerhaus dat ëm 1430 gebaut gouf a fréier de Sëtz vum Stadrot war. Duerch eng Barock-Paart op der Südsäit vum Maart erreecht een d'Maartkierch St. Gangolf, déi komplett vun Haiser a Butteker zougebaut ass. Vun der Maartplaz aus kënnt een iwwer d'Juddegaass an de fréiere Juddequartier vun der Stad oder zum Doum a senger Doumstad.
Maartkräiz
[änneren | Quelltext änneren]An der Mëtt vun der Plaz steet eng Kopie vum Maartkräiz, dat den deemolegen Äerzbëschhof 958 opriichte gelooss huet, nodeem d'Maartplaz vum Floss aus op déi haiteg Plaz verluecht gi war. Den Original vum Kräiz steet haut am Musée vun der Stad. Déi ursprénglech réimesch Granitsail dréit an enger Héicht vun 3 m déi laténgesch Aschrëft Henricus archiepiscopus Treverensis me erexit. ("Den Heng, den Äerzbëschof vun Tréier, huet mech opgeriicht")
Péitrussprangbur
[änneren | Quelltext änneren]De Sprangbur op der Maartplaz mam Tréierer Patréiner, dem Hl. Péitrus op der Spëtzt, gouf 1595 vum Tréierer Renaissance-Sculpteur Hans Rupprecht Hoffmann entworf. D'Statu, déi sech aus dem sechseckege Waasserbaseng erhieft, ass ëmgi vun de véier Haaptdugenden: d'Gerechtegkeet, d'Stäerkt, d'Mooss halen an d'Wäisheet).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tréierer Haaptmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |