Diskussioun:Stafelter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien:

Wou komme mer hei un déi franséisch an däitsch Nimm Les Meloures 20:31, 25. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Wat heescht "Stafelter"? Zu Kröv, net wäit vu Bernkastel, gëtt et ee "Staffelter Hof", dee laang vun der (duebler) Reichsabtei Stavelot-Malmedy ofgehaangen huet. Deemno kéim "Staffelter" vu Stavelot. Kann dat och fir de "Stafelter" am Grand-Duché gëllen? Salut, D.R.

Moien, eng aner Hypothes: Op der de:Wiki fënnt een dat hei iwwer de de:Staffelberg: "Staffelberg ist ein 539 m ü. NN[1] hoher, der Fränkischen Alb vorgelagerter Zeugenberg im sogenannten Gottesgarten am Obermain. Er ist der Hausberg von Bad Staffelstein im oberfränkischen Landkreis Lichtenfels. Der Name der Erhebung leitet sich von den ausgeprägten Geländestufen („Staffeln“) ab, die einen aufschlussreichen Einblick in die Erdgeschichte der Jurazeit geben." Läit de Stafelter net och op enger Héicht? Dat mat Stavelot schéngt mer manner plausibel, well et wier scho glungen, wann ausgerechent deen entleeënen Haff do, wou näischt Extraes ze huelen oder ze produzéiere war, dozou gehéiert hätt.--Zinneke (Diskussioun) 13:15, 24. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

... an da fannen ech op der Säit vun der Gemeng Nidderanwen déi hei Explikatioun: http://www.niederanven.eu/content/view/90/43/lang,en/ . Schliisslech sief nach unzemierken, datt stabulum op Latäin "Stall" housch - deemno do vläit laangscht d'Strooss e Relais fir Päerd, oder e Stall fir Hierten, oder soss eppes esou war... --Zinneke (Diskussioun) 13:20, 24. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Méi zum méiglechen Uersprong vun der Bezeechnung Stafelter: "Quant à l’orgine du nom «Stafelter», plusieurs versions sont avancées. Au croisement des chemins se trouvait jadis une pierre en forme de table nommée «Staffelstein» sur laquelle on rendait justice dans différentes affaires judiciaires. Mais le nom peut aussi bien être issu de «Stapelstein» (pierre à empiler) ou «Stapelplatz» (place à empiler), des endroits où jadis se faisait du commerce de marchandises, situé près d’une route importante datant d’avant les Romains." (Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Nidderaanwen) -Fliedermaus (Diskussioun) 13:23, 24. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir all dës intressant Explicatiounen. Mee de Numm ass a bleiwt "Stafelter", an Erklärunge mat 'Bierg' oder 'Steng' hëllefen net onbedéngt weider, quoique... Näischt ausschléissen! Datt d'Abtei Stavelot-Malmedy Gidder bis an eisem Guttland gehat hätt, wier a sech net aussergewéinlech, egal wéi bedeitend d'"Abgaben" ausgefall wieren. Och do: näischt ausschléissen, besonnesch wou "Stafelter" duerchaus eng Déformatioun vu "Staveloter" (-> Haff oder soss eppes) ka sinn. Weider sichen an iwwerleen! Bis geschwënn, D.R.


Majo Jongen da gitt Iech mol drun, a macht wéi gesot gouf. Weidersichen an iwwerleeën. (Den Här Paschtouer)