Diskussioun:Thüring von Ringoltingen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Nimm "Jean d'Arras" oder "Jean vun Arras" an änlech Fäll misste mer nach klären! Et ginn Ënnerscheeder tëscht dem "Thüring" an dem "Melusina"-Artikel. De Rudolf "von " Hochberg ass och een dervun. Ech wollt, well et ëm Nimm geet, net dru fréckele goen. De "Rudi vum Héige Bierg" pénkt zwar net schlecht. Wat soen d'Beckmesseren? --Cornischong

Mëttelalterlech "Familien"nimm[Quelltext änneren]

Moien,

do hu mer effektiv eng Knetzelech...

Bis ewell hun ech d'Meenung vertrueden, dasse mer Leit, déi als "von" oder "de" iergendwous bekannt sinn, och esou nennen, wann dat hiren 'offizielle' Familljennumm ass. Ausnahm wire Kinnekshaiser, wou een da vum "Juan Carlos I. vu Spuenien" ka schwätzen.

De Problem ass, dass d'Familljennimm am 13.-14. Jh entstane sinn an sech mol séier, mol lues, duerchgesat hunn. Geleefeg waren deemools dofir och Hierkunftsnimm. Wéiwäit soll een déi elo "offizialiséieren"?? Ech hunn de "Jean d'Arras" gegoogelt: deen heescht och op Englesch esou,¨dofir giff ech en hei (entgéint deem, wat ech gëschter schrouf), dann och esou änneren (also net "vun Arras" mee "d'Arras").

Wa mer awer zu Arras bleiwen: vun do hir kënnt bekanntlech e bekannte Kathedralebauer: de M-... jo wéi nenne mer deen dann elo?? Mathieu d'Arras? Matthias von Arras? Mathieu vun Arras oder Metty vun Arras? Déi 2 éischt sinn op jidde Fall geleefeg, je nodeems op een eng franséisch- oder dPaitschsproocheg Architekturgeschicht kuckt. An de fait, dass en iwwersat ass, weist, dass et en Hierkunftsnumm ass.

Ech giff an esou engem Fall tendéieren, d'geographesch Originë mat an d'Iwwerleeung eran ze zéient an dofier fir "Mathieu vun Arras" plaidéiern. Mee do ginn et doudsécher Géigenargumenter...

--Zinneke 08:16, 4 Mee 2005 (UTC)

Mee net vu mär, ech géif deen no genee deer Iwwerleeung och "Mathieu vun Arras" nennen. --Otets 08:24, 4 Mee 2005 (UTC)

Tjo, mee den Thüring war jo net vu Ringoltingen. --Cornischong 08:54, 4 Mee 2005 (UTC) Nach eppes: Ech si gäre mam Zinneke d'accord, mee zwee Beispiller gi mer duerch de Kapp, de "Walther von der Vogelweide" an den "Notker der Deutsche". Ech maachen Iech léiwer elo en décke Kapp domat, dann hu mer méi spéit manner Gedeessems. --Cornischong 09:25, 4 Mee 2005 (UTC)

Wou ass dann do de Problem? Wéi den Zinneke scho sot: "Bis ewell hunn ech d'Meenung vertrueden, datt mer Leit, déi als von oder de iergendwous bekannt sinn, och esou nennen, wann dat hiren 'offizielle' Familljennumm ass." De Walther kënnt jo net vun engem Uert Vogelweide an och net vun engem Villercherswues. Och op Englesch, Spuenesch an Hollännesch nennen se en dofir no sengem 'offizielle' Familljennumm, also "Walther von der Vogelweide". --Otets 09:31, 4 Mee 2005 (UTC)