Diskussioun:Thierry Origer (Reliounswëssenschaftler)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vläicht kann e Fotospezialist mär erklären, wat mat de Fotoen an dësem Artikel lass ass. Besonnesch déi Geeschterfoto mat der Uergel mécht mer Angscht. --Cornischong 13:45, 21. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo, et ass gutt datt s de déi Fottoe geläscht hues. Fir de Rescht hunn ech den Artikel, dee jo em meng Persoun geet, nees e bësse gekierzt. Weider Detailer get et jo op menger Homepage. Willibrord 23:51, 22. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

gi well facebook Linken op Wikipedia gesat? --Jwh 11:23, 15. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Allgemeng gehéiere just Linken an en Artikel, déi direkt eppes domat ze dinn hunn. Deemno: E Link op d'Websäit vum Mamer Lycée gehéiert (an ass) am Artikel "Mamer Lycée", mee net heihinner. Dat selwecht gëllt fir déi aner, déi ech nees ewechgemaach hunn. --Zinneke 14:46, 15. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann ech dat richteg verstanen hunn, wëllt déi Persoun, em déi et hei geet, datt den Artikel iwert seng Persoun geläscht gëtt. Kann een sech dodrems këmmere w.e.gl.? --158.64.25.161

D'Ofstëmmung vun der Läschdemande leeft nach. --Otets 16:37, 22. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Wat soll dat zousätzlecht Gehänsels. Huet alt erëm een eppes net matkritt, oder geet et wierklech nëmmen drëm Wand an d'Loft ze kéieren. Ass dee Spunnes wierklech néideg. --91.180.202.73 16:47, 22. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]