Diskussioun:Tierteg (Kascht)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E puer Bemierkungen zum Tiirteg:

Den Ausdrock Tiirteg gëtt am lëtzebuergeschen gebraucht fir 2 grondverschidde Saachen, déi awer eppes gemeinsam hunn, ze bezeechnen:

  • E Stoff (tissu), op franséisch: tiretaine
  • Eng Kichespezialitéit.

Gemeinsam hu se, dass se allebéid haaptsächlech aus 2 Deeler bestinn.

De Stoff: E besteet aus 50% Léngent an aus 50% Woll. Doduerch gëtt en zolitt a waarm. En ass fréier vill zu Esch/Sauer gewieft ginn.

De Plat: Dëse besteet haaptsächlech aus Gromperen a Sauermous. (D'Fleesch derbäi war ëmmer wëllkomm, wann een es hat. Et ass awer kee Bestanddeel vum Tiirteg.) D'gekachte Gromperen an Sauermous gi gutt zertriwwelt an an enger Pan mat Gréiwen ugebroden. D'Beschreiwung am Artikel passt éischter op den Hachis Parmentier wéi op den Tiirteg.

Den Tun Nosbusch beschreift a sengem Buch "Kachen a Brachen - Aus der Luxemburger Küche" den Tiirteg op der Säit 85. (Editions Guy Binsfeld ISBN 3-88957-024-0).

--Pecalux 09:48, 24 Februar 2007 (UTC)

Gudde Moien. Lo wësse mer méi. Mee, firwat schreifs de dat net an den Artikel (oder, an dësem Fall, an Artikelen) ? Et ass do, wou et gebraucht gëtt. --Cornischong 09:53, 24 Februar 2007 (UTC)

Ech wollt Dech net vexéieren, mee elo, wou ech jo däi "feu vert" kritt hunn, maachen ech et. Awer net op der Minutt, well ech muss elo nach Kommissioune maache goen. Bis herno. --Pecalux 10:08, 24 Februar 2007 (UTC)

@Pecalux: Ma dat ass schéin. Well de lëtzebuergesche Kascht net grad "menges" ass, a well mär zwéin déi eenzeg sinn, déi Fotoe maachen .... Wann s de mol deeër Saachen um Teller leien hues; einfach op de Knäppchen drécken. Merci am Viraus. --Cornischong 10:52, 24 Februar 2007 (UTC)