Tierteg (Kascht)

Vu Wikipedia

Tierteg ass en traditionellt Rezept fir Reschter ze verwäerten. Den Numm „Tierteg“ kënnt vum franséischen tiretaine, enger Zort Stoft deen aus Woll a Léngent gewieft gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tierteg (Stoff).

Well den Tierteg och haaptsächlech aus zwéi Bestanddeeler, nämlech Gromperen a Sauermous, gemaach gouf, huet hien och dëse Numm krut.

Do derbäi kënne Fleesch, Wurscht oder Fleeschreschter kommen.

Eng Method (vu villen) fir Tierteg ze preparéieren:

  • An enger Pan gi reng Gréiwen ausgelooss. Wann et néideg ass kann ee nach e bësselche Schmalz derbäiginn. Gekacht an zertriwwelt Gromperen (Püree a Gequellter doen et och) mat Sauermous gutt vermëschen, wierzen, a mat an d'Pan bei d'Gréiwe ginn a gutt brong ubrode loossen, datt et eppes wéi Gromperekichelcher gëtt.


En anert Rezept beschreift den Tun Nosbusch a sengem Buch "Kachen a Brachen - Aus der Luxemburger Küche" op der Säit 85. (Éditions Guy Binsfeld ISBN 3-88957-024-0).