Diskussioun:Uelzecht-Lycée

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Net relevant?[Quelltext änneren]

Ech froe mech op dat net awer relevant ass:

Als Direkter war den LSAP-Politiker Gaston Greiveldinger vun der Unterrechtsministesch Mady Delvaux-Stehres virgesinn. Nodeems deen decidéiert hat, fir keng Examensaarbecht ze schreiwen, eng vun de Konditiounen, fir Direkter vun enger Secondaireschoul ze ginn, gouf bekannt, datt am September 2007, de Posten op en Neits sollt ausgeschriwwe ginn.

Ëmmerhin huet dat Thema zu Lëtzebuerg zu gréissere politische Diskussiuone gefouert.

An deem Kontext wier et och mol intressant fir den Artikel 7 vun dësem Gesetz ze liesen.

Huet soss nach een eng Meenung dozou?

--Fliedermaus 16:46, 21. Dez 2007 (UTC)

Et ass net relevant well den Artikel "Uelzecht-Lycée" heescht an hei e Lycée soll beschriwwe ginn a net d'Persoun Gaston Greiveldinger. --Pecalux 17:25, 21. Dez 2007 (UTC)

Doduerch datt am Artikel 7 vum Gesetz iwwer dëse Lycée och d'Ännerunge vun de Kondtioune stinn fir do Direkter ze ginn (an et esou dem GG erlaabt hätten fir dee Posten ze kréien), besteet en direkte Lien tëschent der Schoul an der Persoun vum GG. An en Artikel iwwer d'Persoun vum GG passt dat menger Meenung no och net esou richteg. Mee, wéi kéint e soss en anere separaten Artikel nënnen? Ulzecht-Lycée-Direkter-Affär? --Fliedermaus 17:56, 21. Dez 2007 (UTC)