Uelzecht-Lycée
Den Uelzecht-Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul, déi no bei der Dummeldenger Gare steet.
Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem den Uelzecht-Lycée an de Lycée technique des arts et métiers integréiert soll ginn.[1]
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Duerch Gesetz vum 20. Januar 2003 krut d'Regierung d'Erlabnis fir zu Lëtzebuerg-Dummeldeng en Annexgebai vum Lycée technique du Centre (LTC) ze bauen. Et gouf awer duerno festgestellt, dat et besser wier, fir en neien onofhängege Lycée opzeriichten. D'Schüler aus de fënnef provisoreschen Annexgebaier vum LTC sollten do regruppéiert ginn.
De 14. Juli 2007 (Gesetz vum 9. Juli 2007) gouf dee Lycée zu Lëtzebuerg-Dummeldeng an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch Règlement grand-ducal vum 9. Juli 2007 den Numm "Uelzecht-Lycée".
De 15. September 2007 sinn déi éischt Schoulklassen, mat ronn 600 Schüler, am Uelzecht-Lycée agezunn. D'Schoul gouf de 14. Dezember offiziell ageweit.
Direkter ass de Serge Winandy.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Uelzecht-Lycée
- D'Gesetz vum 20. Juni 2003 iwwer de Bau vun engem Annexgebai vum Lycée Technique du Centre zu Lëtzebuerg-Dummeldeng (De Projet gouf net sou realiséiert)
- D'Gesetz vum 9. Juli 2007 iwwer d'Kreatioun vun engem Lycée zu Lëtzebuerg-Dummeldeng
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10 Juili 2015, S. 5.