Diskussioun:Ulrike Nisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Ulrike Nisch": Ech hunn op iwwer enger Dose Plazen den Numm als "Ulrika" fonnt, an néierends den "Ulrike". Ass dat Zoufall? --Cornischong 15:07, 8 August 2006 (UTC)

Gutt Fro, well ech hunn op iwwer enger Dose Plazen "Ulrike" fonnt a nëmmen ee Mol "Ulrika", ech kann et net genee soen --Myriam 15:16, 8 August 2006 (UTC)


De "Guggel" weist mer (op Däitsch) 654 Säiten fir Ulrika an der 121 fir Ulrike. Wann ech net schonns allergesch vis-à-vis vun den Hellegen an de fromme Geschichte wier, da kéint ech et ginn. Léiwer gleewen ewéi kucke goen. --Cornischong 15:40, 8 August 2006 (UTC)

Wann dir d'Ulrika méi logesch schéngt wéi d'Ulrike, ma da réckele mer géif ech soen. Du weess jo datt ech och "Googelen", an ech kann der just soe wat ech fonnt hunn. Op der anerer Säit schéngt mer "Ulrike" méi logesch fir eng däitsch Schwëster, wat natiirlech näischt wëll soen. -- Myriam 21:04, 8 August 2006 (UTC)
Halli. Et geet net hei ëm dat, wat ech logesch fannen :-) Du häss vläicht besser, du schreifs, datt do Onkloerheete sinn. Et ass natierlech ëmmer lästeg, wann een erëmpiddelt, an et huet een näischt Klores am Grapp. Mech géif dat dronke maachen. --Cornischong 21:10, 8 August 2006 (UTC)

Wat soll ech da maachen, e Redirect? An déi al Bicher ginn ech net sichen. Ech setzen emol eppes an den Artikel eran, OK? --Myriam 21:53, 8 August 2006 (UTC)

Schreif einfach am Artikel "Ulrike oder och Ulrika" (oder sou). Ech mengen, dat wier am kammoudsten. An da méchs de e Redirect. A schonns ass e Problem manner op der Welt. :-) --Cornischong 22:00, 8 August 2006 (UTC)