Diskussioun:Val Langehegermann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat wëlle mer mat dem flotte Brauch briechen, eis Artikelen op Lëtzebuegesch ze schreiwen ? --Cornischong 21:13, 19 August 2007 (UTC)

Et gi bis elo eng 17200 Artikelen an der Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch, déi all op lëtzebuergesch geschriwwe sinn. Duerfir soll och den Text am Palmarès iwwer de Val Langehegermann op lëtzebuergesch sinn. Artikelen op franséisch gehéieren an d'Wikipedia a franséischer Sprooch. Et wier ubruecht hei esou séier wéi méiglech d'Iwwersetzung ze maachen, soss kéint et sinn dat de franséischen Text geläscht gëtt. Wann nach Froe sinn, da misst sech hei e fanne fir eng Äntwert ze ginn.--Fliedermaus 13:02, 23 August 2007 (UTC)

Ech sin drun alles an d'lëtzebuerger Sprooch emzeschreiwen.L.Val.

Net esou blären w.e.g. :-)). Et ass an der Rei esou. Merci fir Mataarbecht.--Fliedermaus 13:01, 24 August 2007 (UTC)

Ass et hei net zu engem schlëmme Mëssel koum?!! Den Text hei uewendru war erausgeholl ginn; ech hunn en nees dragesat, fir datt dee Mëssel dokumentéier ka ginn. --Cornischong 14:38, 25 August 2007 (UTC)