Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Vera Hoffmann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nationalitéit

[Quelltext änneren]

@Volvox

huet laut olympics.com déi däitsch Nationalitéit

Wéinstens op dëser Säit vun Olympics com steet si hätt déi lëtzebuergesch. Gëtt et nach eng aner Säit iwwer si op olympics com.

Les Meloures (Diskussioun) 08:41, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]

Ënnert deem Link steet ënnen ënner GENERAL INTEREST

LUXEMBOURG/GERMANY
Born in Germany she is also a German citizen and represents LC Rehlingen there.

Dorop hat ech mech baséiert.
--Volvox (Diskussioun) 11:26, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
Ass born in Germany dann e Critère fir automatesch déi däitsch Nationalitéit ze hunn? Les Meloures (Diskussioun) 11:56, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
Nee, well déi däitsch Staatsbiergerschaft am Reegelfall iwwer d'Nationalitéit vun den Eltere kënnt, net iwwer d'Gebuertsplaz.
Mee de Saz, deen ech zitéiert hunn, enthält dräi Aussoen:
  1. Born in Germany
  2. she is also a German citizen
  3. represents LC Rehlingen there
Och wa sech aus der Ausso 1 net ofleede léisst, datt si déi däitsch Nationalitéit huet, gesinn ech net, firwat mer d'Ausso 2 sollen an Zweiwel zéien, wou dat awer explizitt steet. --Volvox (Diskussioun) 15:23, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi zousätzlesch Explikatioun. Wann en och net brauch drun ze zweiwelen datt se Lëtzebuergerin ass, da wier et flott wa mer géifen erausfannen, wéini se dat ginn ass. Et kéint jo och sinn datt se an der Tëschenzäit mam Bertemes bestuet ass.
Op der däitscher Wiki gëtt och behaapt si wier däitsch. Hoffmann startet international für Luxemburg, nimmt als Doppelbürgerin aber auch an Deutschen Meisterschaften teil. Ech hunn doropshinn mol bei däitsche Meeschterschafte gesicht, a mol bis elo keng Partizipatioun fonnt. Ech stellen mol do d'Fro vun der Quell am Artikel. --Les Meloures (Diskussioun) 16:04, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
De Bob Bertemes an d'Vera Hoffmann sinn den 2. September 2024 zu Dikrech bestuet ginn (Quell: Annonce am LW).--MMFE (Diskussioun) 17:56, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Info. Ech hunn dat an de Wikidata bäigefléckt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:42, 31. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]

Minden als Gebuertsplaz?

[Quelltext änneren]

Fir d'Vera Hoffmann ass Minden als Gebuertsplaz uginn. Minden ass e kleng Duerf un der Sauer vis-à-vis vu Steenem, do ass d'Vera Hoffmann awer mat ganz grousser Warscheinlechkeet net op d'Welt komm, well schonn zanter ville Joerzéngte keng Kanner méi a klengen Uertschaften op d'Welt kommen. Zu Minden hu warscheinlech d'Eltere gewunnt zur Zäit vun der Gebuert, natierlech och villäicht haut nach. D'Gebuertsplaze sinn zu iwwer 99 % a groussen Uertschafte mat Maternitéen déi meeschtens an oder bei enger Klinik sinn. Zu Lëtzebuerg gëtt et nach zwou esou Plazen an der Stad, a jee eng zu Esch-Uelzecht an eng zu Ettelbréck. Am Fall vu Minden als Wunnplaz wier awer villäicht Tréier am warscheinlechsten, et kéint awer och Ettelbréck oder d'Stad sinn.--MMFE (Diskussioun) 10:08, 2. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]

Ech muss mech schonn direkt selwer korrigéiere well ech elo eréischt geliest hunn datt et effektiv an Däitschland gebuer gouf. Da wier dat warscheinlech Tréier.--MMFE (Diskussioun) 10:19, 2. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]
Mat Minden kann och vläicht dat heite Minden gemengt sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 2. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]
Du hues Recht, do gëtt et och eng Maternité, dat schéngt mer dann nach am warscheinlechsten.--MMFE (Diskussioun) 17:05, 2. Jan. 2025 (UTC)[äntweren]