Diskussioun:Vereent Natiounen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut! Misst et net <<vereenegt>> heeschen? Oder reent et do esou vill? Bis soss, Alain.

Salut Alain. Nee, do reent et net esou vill, soss géinge se Verreente Natiounen heeschen. Et handelt sech heibäi net ëm eng Eenegung vun den Natiounen mee ëm eng Eenheet un Natiounen. Vereenegt Natiounen ginn et net. cf. op Däitsch: Op der aanerer Säit vun der Musel seet ee jo och Vereinte Nationen an net Vereignite Nationen (a scho guer net Verregnete Nationen). ;-) ––213.194.42.100 07:58, 5. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien Alain,
Fir et einfach a grammatikalesch ze soen, vereent ass de Participe II vu vereenen. Et gëtt e lëtzebuergescht Verbebuch an deem sou Saache drastinn. --87.66.222.128 12:37, 14. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]