Diskussioun:Vossloh Cogifer Kihn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Atelier Kihn[Quelltext änneren]

Ech verstinn net wat do soll geännert hunn. VOSSLOH COFIGER KIHN an den Atelier Kihn lafen schonn zanter dem 29. 12. 1971 ënner der selwechter Betribnummer B0010160. Wat ass 2013 doru geännert ginn fir dat do stënterlech eppes muss bäigefléckt ginn??? --Les Meloures (Diskussioun) 20:10, 8. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

D'Handelsregësternummer vun enger Gesellschaft ännert ni. Awer sou wäit ech dat gesinn (et ass net alles ëffentlech/gratis zougänglech) huet d'Gesellschaft fréier Kihn S.A. geheescht, an den 19. Dezember 2013 huet se hiren Numm geännert a "Vossloh Cogifer Kihn". Op kuerz virdrun d'Aktionariat geännert huet kann ech bei enger Aktiegesellschaft net gesinn, mee et ass unzehuelen. Op een elo wéi bei Intermoselle/Cimalux zwee Artikele soll uleeën, ee vu fréier méi iwwer d'Oarbecht an ee vun haut méi iwwer Gesellschaftsaspekter, dat kann een diskutéieren, mee bis dohi man ech deng Ännerung réckgängeg. --Otets 14:17, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Et waren nach ëmmer zwou Gesellschaften. D'Voosloh Cogifer Kihn gouf et schonn 1971 a se hat déi selwecht Nummer wéi d'Kihn S.A. an dat zanter 1971. Do huet deemno keen Numm brauche geännert ze ginn. Déi zwou dauchen am Memorial periodesch eng Kéier ënner deem engen an dann rëm ënner deem aneren Numm op. Vu datt wéi s du sees d'Handelregesternummer net ännert hätt eng Gesellschaft mat zwéin Nimm ënner där Nummer figuréiert. A vu datt et d'Vossloh schonn ënner der selwechter Nummer gouf verstinn ech net wat do dichteg soll geännert hunn, ausser eng Nummspillerei vun där mer awer anscheinend keng Publikatioun fannen. Wann eppes geännert huet, muss et och am Memorial stoen, an da muss et och ze fanne sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:29, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Den Atelier Kihn gouf 1978 an déi franséisch Firma SOCADER an 1984 an déi franséisch Firma COGIFER integréiert. 2002 gouf se vum däitsche Grupp VOSSLOH iwwerholl. D'Informatioune si vun engem Panneau nieft der Strooss virun der Firma. --MMFE (Diskussioun) 14:35, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Da kuck och mol wat alles am Mémorial doriwwer steet. Sou einfach schéngt dat net ze sinn an dobäi huet d'Firma wa se och zu enger Firmegrupp gehéirt nach ëmmer hieren eegene Statut an hir eege Gestioun als lëtzebuergesch Firma. Och Nummännerunge ginn am Memorial publizéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 14:40, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Nach eng kleng Bemierkung zu der neier Verlinkung. Wann déi Nummännerung als Link an engem Artikel engem sou wichteg virkënnt da soll en se och wéinsten korrekt als ee Lemma maachen a keen Zesummegebastels aus zwéin Nimm déi net zesaummenhänken. --Les Meloures (Diskussioun) 15:24, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

"Déi zwou dauchen am Memorial periodesch eng Kéier ënner deem engen an dann rëm ënner deem aneren Numm op." Virum 19. Dezember 2013 (Akt) gesinn ech just datt se gezéckt hunn op den Numm "Kihn S.A." oder "Kihn" ass (wat ech och net wësse ka well d'Statute sinn net um Internet), wou gesäis du virun deem Datum den Numm Vossloh?
Op den Numm kënnt et effektiv manner u wéi op d'Aktionariat, wat bei enger Société anonyme awer meeschtens anonym ass. Also hale mer eis noutgedronge mol un den Numm an dem MMFE säi Panneau, a wann s de wëlls och un de Site vu Vossloh.
Wat d'Lemma ugeet hues de prinzipiell Recht, mee vu datt ech momentan keng Zäit an och d'Ressourcen net hu fir den Artikel ze schreiwen hunn ech mech nach net extra drëms gekëmmert. Vu mär aus [[Vossloh Cogifer Kihn|Atelier Kihn (haut Vossloh)]]. Et geet hei jo méi ëm eng Uertsbestëmmung, déi méi al kennen de Kihn a wëssen net onbedingt datt et elo Vossloh ass, déi Jonk hunn ni eppes vu Kihn héieren a fuere just mam Auto zënter 2 Joer laanscht de Vossloh Logo (am November 2013 war et zwar scho Vossloh, mee d'Enseigne war ëmmer nach Kihn, och op kihn.com) - dowéinst dat konterbossegt Konstrukt, wat (wéi ech zouginn) net ideal ass (awer besser wéi just Kihn oder just Vossloh dohin ze schreiwen).
--Otets 19:43, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Kuck mol einfach do da geséis datt et déi 2 Gesellschaften zanter 1971 ënner engem Hutt sinn Vossloh a Kihn
A wann een näischt sécher an näischt 100% besser a méi richteg wees da schreift een am Beschte näischt, an et brauch ee sech dann och keng Zäit ze huele fir eppes nozesichen. Et ass jo och puupegal ob en zu vossloh-infrastures oder railconstrunction oder zu engem aneren Departement gehéiert. Wa mir eng Kéier en Artikel maache da kënnen an deem déi Changementer mat de Gruppe laang a breet erkläert ginn. An engem aneren Artikel bréngt dat dat dach guer näischt an et steet nach ëmmer grouss KIHN iwwer der viischter Dier --Les Meloures (Diskussioun) 20:25, 9. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Sorry, mee du verstees Legilux net. Wann eng Gesellschaft den Numm ännert, da weist de Site der no enger Sich zwou Gesellschafte mat identeschen Angabe bis op den Numm. Dat heescht awer net, datt et zwou Gesellschafter mat deerselwechter Regësternummer gouf oder gëtt, an et heescht och net datt d'Gesellschaft schonn zënter 1971 Vossloh heescht. D'Gesellschaft mat der Regësternummer B 10.160 huet wuel als "Ateliers de constructions J. Kihn, Sàrl" ugefaang, ass duerno eng Aktiegesellschaft als "Kihn S.A." (oder einfach just "Kihn") ginn, fir den 19. Dezember 2013 den Numm eng leschte Kéier z'änneren, an zwar op "Vossloh Cogifer Kihn".
Wa mer awer iwwer wierklech Bosseges schwätze wëllen: Legilux seet, d'Gesellschaft wier den 29.12.1971 gegrënnt ginn, an den Handelsregëster seet si wier de 14.06.1972 registréiert ginn. Huet den Notaire 6 Méint laang geschlof fir déi gegrënnte Gesellschaft och androen ze loossen? --Otets 18:22, 10. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]


Salut, wann een am Internet net alles fënnt, da misst et awer um Pabeier ze fanne sinn, oder net?? --Les Meloures (Diskussioun) 18:35, 10. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
An e puer Deeg wësse mer méi. Ech wäert dann e Pak Renseignement zesummegeraf hunn, wann och vläicht net alles, an da fänken ech mol un en Artikel ze kniwwelen. Do kann dann no an no alles dra kommen wat mer nach weider gewuer ginn. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 18:43, 10. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
PS ech hat den Akt iwwersinn. A wéi einfach wier et gewiescht direkt am Ufank z'äntwerten héi ass den Akt an da wier all weider Diskussioun iwwerflësseg gewiescht. Ech änneren de Lemma dann emol. --Les Meloures (Diskussioun) 18:51, 10. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
No engem Dag stong jo do "(Akt)". Ech hat mech scho gewonnert, well du hues virundiskutéiert wéi wann s de en net gesinn häss. Bon, d'Haaptsaach et huet sech lo gekläert. --Otets 15:05, 14. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech kucken emol wat ech zesummegekroopt kréien. Meng Renseignementsquell huet sech als verdréchent erwisen an am 100järege Buch iwwer de Kihn (dat ech mer extra um Spaweck kaaft hunn) steet kenn halwe Saz iwwer d'Firma. Do sinn nëmme Fotoen dran, mat deenen een net vill kann ufänken. Et ass wuel de gréissten Aarmut vu Boschür deen ech je gesinn hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:11, 14. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Zu Rëmeleng ass bestëmmt eng Informatiounstafel, mee terribel vill wäert do och net dropstoen. --Otets 15:29, 14. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hu jo schonn uewen Informatioune vun deem Panneau geschriwwen. Ech ka gär engem d'Foto dovu schécken. Ech gëtt och e Panneau vun der Schmelz, d'Foto dovun hunn ech och. --MMFE (Diskussioun) 16:05, 14. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]