Diskussioun:Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, beim Réckele vun 'Monument Wëllem II (Stad Lëtzebuerg) hunn ech inspiréiere gelooss vun der däitscher Wikipedia: de:Liste der Kaiser-Wilhelm-I.-Denkmäler.
Cf och de:Kaiser-Wilhelm-Denkmal (Düsseldorf)
Allerdéngs gesäit de Lemma Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg) vun der Schrëft hir net besonnesch gutt aus. Aner Meenungen? --Cayambe (Diskussioun) 09:03, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Alternativ kënnt een hei, dat ausnahmsweis, op déi franséisch Manéier zréckgräifen, dat géif dann: Monument vum Wëllem II. (Stad Lëtzebuerg), wat mMn besser ausgesäit. --Cayambe (Diskussioun) 09:07, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

"Monument vum ..." fannen ech zweedeiteg, well et ouni Virwëssen net kloer ass op et sech beim Numm hannert dem "vum" ëm déi duergestallte (geéiert) Persoun oder ëm den Artist vum Wierk handelt. Wann een am Englesche schreift: "Monument to Nikola Tesla by Gary Peterson", dann ass et kloer ween déi geéiert Persoun, a ween den Artist ass. "Monument fir de Wëllem II." kléngt awer am Lëtzebuergeschen e bëssi komesch, oder net? --Fliedermaus (Diskussioun) 10:21, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]