Diskussioun:Warndräieck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir ze schmunzen[Quelltext änneren]

"Nun geht man, das Warndreieck vor sich tragend, am äußersten Rand oder neben der Fahrbahn (wenn vorhanden: hinter einer Leitplanke) dem Verkehr entgegen": Aus dem de-Wikipedia Artikel. --Cornischong 23:01, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

De Lëtzebuerger Code de la Route kennt eng ronn 30 verschidde Warndräiecker. Déi aner Schëlter hu mer bis elo mat hirem Numm uginn sou wéi se am Code de la route gefouert ginn. Soll een dat bei dësem nat och esou maachen? E Redirekt ass jo net auszeschléissen, well et jo geleefeg esou genannt gëtt.

Les Meloures 23:32, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Dem Coder de la Route no mussen Automobilisten zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner och, e Warndräieck bei sech am Auto hunn.
Ech wollt gëschter dat selwecht bäischreiwen, an hat am Code de la route gekuckt fir eppes doriwwer ze fannen. Ech hat leider kee groussen Erfolleg. Wou steet dat am Code de la Route. ?

Deng Virsiicht war berechtegt: do steet effektiv näischt esou (op d'manst no enger Volltextsich mam Stéchwuert "triangle"). Op fronatliers.lu, steet ze liesen, e wier zu Ltz "conseillé". Sécher obligatoresch ass en an der Belsch an an Däitschland. Deemno, séier nees eraus dermat. --Zinneke 10:44, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wynn ech mer den de-Wiki-Artikel "Warndreieck" an den nl-Wiki-Artiel "Gevarendriehoek" bekucken, gesinn ech, datt déi dat selwecht mengen, wéi dat, wat hei ernimmt gëtt. --Cornischong 15:31, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech verstinn net wou's de ee Problem geséis. Les Meloures 15:46, 25. Mee 2008 (UTC) Datt d'Stroosseschëld A, 21 näischt mat eisem Warndräieck ze dinn huet, liesen ech an den "Dispositions générales concernant les signaux d’avertissement de danger" Do steet ë.a. : "Le côté des signaux A,1a à A,28 est au minimum de 600 mm en agglomération, de 900 mm hors agglomération et de 1.250 mm sur autoroute." Ech hunn nach keng Warndräiecke mat variabler Gréisst fir an den Auto gesinn. --Cornischong 15:48, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Dat heite stoung am Ufank am Artikel:

E Warndräieck ass eng Vertikal Signalisatioun, déi dozou déngt, op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkter opmierksam ze maachen.

Aus deem Saz hunn ech net erauszefonnt wateree Warndräieck sollt gemengt sinn. Vun engem Autoswarndräieck stoung nàmlech näischt an deem Saz. Les Meloures 16:04, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

1. Tjo, fir déi, déi net erausfannen, watfir ee sollt gemengt sinn, steet eng Foto dran. 2. Déi offiziell Säite nennen dat Déngen, dat vum 1. un jiddereen am Auto soll hunn, op Däitsch "Warndreieck" A fir déi, déi suguer bei Linke kucke ginn ( http://www.bmvbs.de/Anlage/original_9699/R-27-Warndreiecke.pdf ) 3. Dat, wat op der Foto ass, ass kloer keen Dénge fir an den Auto 4. Mat engem Stroosseschëld huet dat op der Foto an dat fir an den Auto net vill ze dinn. Deen Deel aus dem Memorial huet also mam dem Déngen op der Foto näischt ze dinn.<br

An da wonnert ee sech, wou da soll de Problem sinn! Ma, et ginn der e puer: Wéi nennen mer dat Dénge fir an den Auto? Wéi nennen mer dat Déngen, dat op der Säit vun der Strooss steet, wa geméit gëtt, wann u Beem geschafft gëtt? A wéi nenne mer dat Déngen, dat op der Foto ass? An da si jo nach e puer dräieckeg Schëlter fest bei de Strosse montéiert, ofgesi vun deenen, déi iwwer de Stroosse liichten. Do gesinn ech der e puer. --Cornischong 16:56, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Meng Propos: "Warndräieck" fir dat Dengen, dat eenam Auto soll/muss hunn (meeschtens 3 rout Laten, déi sech zu engem Dräieck zesummebaue loossen); "Geforeschëld" fir Stroossechëlter, déi aus engem Dräieck mat der Spëtzt no uewen bestinn, roude Bord a wäiss Surface, wou dra gemoolt ass, viru wat gewarnt gëtt (Schleidergefor, Véi op der Strooss, Stau,...), "allgemengt Geforeschëld" fir e Geforeschëld, wou en Ausruffzeechen drann ass, a virun enger net méi no definéierter Gefor warnt (et sief, d'steet drënner geschriwwen) a "mobilt allgemengt Geforeschëlt" fir dat Déngen op der Foto (déi deemno an en aneren Artikel geplënnert misst ginn). Gär geschitt. --Zinneke 19:52, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Domatter si mer bei menger éischter Bemierkung ukomm an deeër ech proposéiert hat d'Schëlter esou ze nennen, wéi se am Code de la Route genannt ginn.
Hei steet: Deen Deel aus dem Memorial huet also mam dem Déngen op der Foto näischt ze dinn.
Dat ass kloer. Dofir steet den Text vum Mémorial jo och ënner der Iwwerschrëft De Warndäieck am Auto
Wat wir dat esou flott gewiescht wann den Artikelschreiwer vun Ufank un déi Iwwerleeunge gemaach hätt, an e bësselche méi eppes komplettes geliwwert hätt. Dann hätte mer all déi Diskussiounen net.

Les Meloures 20:14, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wat wier dat eréischt flott gewiescht, .......................... wa guer keng Foto dra gewiescht wier! Dann hätt nach op eemol ee kënne schreiwen "Aus deem Saz hunn ech net erauszefonnt wateree Warndräieck sollt gemengt sinn". An en hätt sech kënne wonneren, wou deen dann déi Problemer gesäit. De leschte Stand ass jo elo:

  • "Warndräieck"
  • "Geforeschëld"
  • "allgemengt Geforeschëld"
  • "mobilt allgemengt Geforeschël" - Wat wier dat flott gewiescht, wa kee mat deem Thema komm wier. Glécklecherweis huet den Artikelschreiwer sech d'Foto net ugekuckt a sech keng Iwwerleeunge gemaach, Sou ass de Schëllege fonnt an et bleift nach alles op. "Domatter si mer bei menger éischter Bemierkung ukomm an deeër ech proposéiert hat d'Schëlter esou ze nennen, wéi se am Code de la Route genannt ginn." Majo, wéi heeschen dann déi véier Déngen am Code de la Route? Dat hu mer nach ëmmer net verrode kritt! Op déi Manéier kréie mer d'Braddelsäit voll, awer keng aner dräi (?) Artikelen. --Cornischong 22:02, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wat wier dat eréischt flott gewiescht, .......................... wa guer keng Foto dra gewiescht wier![Quelltext änneren]

Um 00:49 Auer ass d'Foto derbäikomm. Ech hu meng Bemierkung um 23:32 gemaach. Do stoung nach keng Foto dran. Ech konnt deemno net dreeme wat gemengt war. Vläicht mol den Historik kucken an esou Gespréicher. Les Meloures 22:26, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Majo, wéi heeschen dann déi véier Déngen am Code de la Route? Dat hu mer nach ëmmer net verrode kritt! Op déi Manéier kréie mer d'Braddelsäit voll, awer keng aner dräi[Quelltext änneren]

Ech hunn elo den Artikel Warnschëld ugefaangen. An deem ginn d'Schëlter am Originaltext beschriwwen. Ech proposéieren deemno aus dësem Artikel all déi Ännerungen déi den Zinneke an de Les Meloures gemaach hunn erauszehuelen an op dem cornischong säin Originaltext zréckzesetzen. Dann ass fir hie vläicht méi liicht z'explizéieren, wat e gemengt hat. Les Meloures 22:34, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

An ech proposéieren, datt dat Getozels bei de Schëlterartikelen emol gebremst gëtt, "well dat de Kader vun enger Enzyklopedie iwwerstrapazéiert". Datt een en Artikel "Warnschëld" ugefaangen huet, an deem et net ëm Warnschëlter geet, ass natierlech gutt ze wëssen. An der Tëschenzäit gouf dat scho gereegelt. Schéin. --Cornischong 09:24, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Sou ass de Schëllege fonnt an et bleift nach alles op[Quelltext änneren]

Et geet guer net drëm fir ee Schëllegen ze fannen.

Et kann awer och net sinn, datt wann een en Artikel mat engem Saz ufänkt, deen net kloer ausseet wat gemengt ass, an da vun anere Mataarbechter zu 90% opgefëllt gëtt, datt dann deejéinegen deen den den Artikel ugefaangen deenen anere Mataarbechter d'Schwaarz Péiteren dohinnergeheit.

Et waren schonns méi laang e puer Strosseschëlter beschriwwe ginn ënner dëse Lemmaën: Schëld E, 23 - Schëld C, 18 - Schëld C, 19 - Schëld D3. Et gouf ni dergéint protestéiert. Firwat solle mer dann net vläicht an deem Sënn weiderfueren? Da gi mer jo gewuer wéi se heeschen. Oder schwätzt eppes do dergéint?