Diskussioun:Wieder (Biergbau)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"datt ee pro Schwéierstaarbechter ¾ m3 frësch Loft d'Minutt brauch"
Dat wiere 750 Liter. Ass dat net e bësselche iwwerdriwwen. Et misst ee vläich soe firwat déi Quantitéit sou grouss ass, soss liicht dat dem normale Stierfleche vläicht net an. --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat aus dem Buch Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt. Jo, et ass vill, iwwer Dag gi 5,5 - 7,5 Liter pro Minutt duer. Op der de-wiki gi se engem Erwuessenen a Rouzoustand souguer nëmmen 1,2 Liter pro Minutt an engem Schwéierstaarbechter 6,4 Liter pro Minutt (mat engem Sécherheetszouschlag alt wéinstens 9,6 Liter pro Minutt) - mee dat ass ëmmer ënner der Hypothes datt de Sauerstoff integral verbraucht ka ginn (mee scho bei 1 Vol% Sauerstoff manner p.r. zur Gesamtloft ass d'Loft matt, an allerspéitstens wann de Sauerstoffgehalt bei 6 Vol% ukomm ass geet een an d'Getten). Wann een dat en compte hëlt (also net emol matt Loft wëll riskéieren), plus nach Sauerstoff arechent fir d'Geliits, Oxidatiouns- a Fäulnisvirgäng, da komme se op der de-wiki op eemol op 2.000 Liter d'Minutt, déi hautdesdaags aus renge Sécherheetsgrënn meeschtens op 10.000 Liter d'Minutt erweidert géifen. Do si mär mat eise 750 Liter d'Minutt nach moderat. Et kann awer och sinn datt se op der de-wiki no hirer eegener Rechnung eng Null zevill derbäigesat hunn, oder si hunn nach en Zouschlag gemaach fir de Fall vun net express an d'Schantercher erageleetem Loftzuch just op der Haaptstreck. Wann ech selwer norechnen, mat hire Prämissen iwwer de Sauerstoffverbrauch pro Schwéierstaarbechter mat Sécherheetszouschlag a Geliits kéim ech op 260,5 Liter pro Minutt, mee da wier d'Loft grad matt ginn a fir Oxidatiouns- a Fäulnisvirgäng ass och näischt agerechent. Also kann de Wäert vu 750 Liter d'Minutt scho stëmmen. --Otets 12:35, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech si mol dervun ausgaangen datt et net sou ganz falsch ass, mä wann et sou alleng do steet ouni zousätzlech Erklärung da kënnt et engem net Fachmann komesch vir. Ech probéiere mol fir eppes agebaut ze kréien --Les Meloures (Diskussioun) 13:33, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Wéi kënns de op déi 20-40 Liter d'Minutt? Op der de-wiki komme se souguer mat Sécherheetszouschlag just op (120 * (100/20,95))/60 = 9,55 Liter d'Minutt. --Otets 17:05, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Et ass eng ganz einfach Rechnung op Basis vun anatomesche Wäerter. De Mënsch otemt wann en näischt mécht tëscht 10-15 mol an der Minutt a brauch da pro Otemzuch ongeféier en hallwe Liter. Soubal en aktiv gëtt (Sport oder Aarbecht) am héije Leeschtungsberäich geet de Verbauch pro Otemzuch op 2,5 Liter erop. Dat ka souguer bis op 4 Liter goen, bei duerchtrainéierte Leit. Mat 10 - 15 Ootmungen an der Minutt (et sinn der meeschtens méi) kënnt een da mat 2,5 Liter op e Verbrauch vun tëscht 25 a 37,5. Bei 4 Liter sinn et der tëscht 40 a 60 an der Minutt. Dat si Wäerter déi ee bei all Leeschtungscours am Sport matgedeelt kritt.
PS: D'Lehrbuch der Bergbaukunde vum C.Hellmut Fritzsche konfirméiert déi Berechnungen op Säit 508. --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo selwer och esou e Buch um Internet fonnt. Mee wouhier kënnt de Waasserstoff am matte Wieder? --Otets 18:01, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Wou steet dat? Ech hu lo nogekuckt an näischt sou gesinn beim matte Wieder. --Les Meloures (Diskussioun) 18:57, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Jo, well ech et schonn nees erausgestrach hat, mee hei koum et eran, mam "H". --Otets 19:25, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Hu gemierkt datt e verluergaange war. De Friztsche ernimmt en, seet awer net firwat. Ech wullen emol fir eppes ze fannen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:28, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Fichier:SubScreenshot.jpg
Duerstellungsproblem bei mär, mat Firefox (mee net all Firefox huet dee Problem)

Ech weess datt sech de Problem léise léisst, wann een ënner Astellungen / Ausgesinn bei "Linken ënnersträichen" einfach "ni" auswielt. Mee vu datt net jiddereen dat esou huet, froen ech mech wat mer decidéiere sollen. --Otets 08:53, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]