Diskussioun:Willy Wenkin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Hien ass bei enger vun de ville Revancheaktiounen déi déi Däitsch duerno gemaach hunn ëm d'Liewe komm." Ech wees net wou des Informatioun hierkennt. Am Pierre Kergen sengem Buch get sech an engem Kapitel mat der Famill Wenkin am zweeten Weltkrich befaasst. Zum Willy ( Guillaume) Wenkin heescht et do: "Willy, welcher ja bei der Freiwilligen-Kompanie gewesen war, machte nun Dienst in der Gendarmerie in Trotten. Einige Angehörige der Gendarmerie wurden dem Sprengkommando zugeteilt. So auch Willy. Sie sollten die grossen Mengen von deutscher und amerikanischer Munition sprengen, welche überall haufenweise herumlagen. Eines Tages, am 21 März 1945, geschah das Schreckliche. Oberhalb Hoffelt riss eine gewaltige Explosion zwei Männer des Sprengkommandos und einen Zivilisten in den Tod. (...) Es waren: J.P. Mathias, Jeng Stephany und Willy Wenkin.


D'Information kënnt aus dësem Artikel a si ass op der Informatiounstafel bei der Kapell ze liesen. E Link op d'Beschreiwung ass och bei Notten a Referenzen ze fannen. Doranner ass ze liesen: Au total des opérations menées, les résistants appartenant au groupe B ont perdu la vie. Leurs noms sont gravés sur la pierre scellée à l'intérieur de la chapelle de Fenffe.
Bei deenen ass de Willy Wenkin opgefouert. --Les Meloures (Diskussioun) 15:23, 6. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


Sou honnertprozentzeg schéngt déi Informatioun neierdéngs net méi ze sinn, well op dëser Websäit sinn an der Lescht och Informatiounen derbäikomm mat ënner anerem dem Jean Stephany sengem Doudesdatum. Iwwer de Willy wëssen se anscheinend nach net Bescheed. Mir missten allerdéngs bei ons an deem Sënn en update maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:37, 6. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


P.S: Dem Pierre Kergen säi Buch ass dat: Kriegserinnerungen eines Öslinger Resistenzlers ?

Jo dem Pierre Kergen sain Buch heescht "Kriegserinnerungen eines Öslinger Resistenzlers". Ech sin entfernt Famill mat dem Här Wenkin an krut rezent d'Bestätegung vun senger Kusin datt et sech sou zougedroen huet wei et am Buch beschriwen get.