Diskussioun:Wope vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Maarkgrofschaft[Quelltext änneren]

Wou ass dot no zekucken mat deem marquisard. Les Meloures 21:57, 7 Oktober 2006 (UTC)

Grofen hun iwwregens och d'Kinnekskroun am Wope waa ech richteg informéiert sinn. Les Meloures 22:04, 7 Oktober 2006 (UTC)

Daat ass eng fro vun der Souveränitait. D'Marquien oder Markgrafen waaren meescht direkt vum Kinnek oofhängeg wärendeem dei meescht Grofen engem Herzog oder Markgraf ennerstaan hunn.
Meng source (fier Namouer) ass "Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg": sous la direction de Michel Margue , publication du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg. Haaptsächlech aus dem Michel de Waha sengem Kapitel "La marche impériale de Namur-Luxembourg Vicissitudes d'un concept géo-politique de 1150 à 1300". Ech hunn elo och nach schnell eng ganz kuerz Skizz ennert Mark geschriwwen an ob'd Däitsch, Fransëich an Englech Saite weidergelinkt, daat haat ech virdrun vergiess.--Caranorn 22:15, 7 Oktober 2006 (UTC)
Hu vergiess ze soen dass ech den Titel Mark als provisorech gesinn, daat kennt genau sou gudd Markgrafschaft oder Marquisat sinn, wees net waat am Lëtzebuergeschen am beschten ass.--Caranorn 22:16, 7 Oktober 2006 (UTC)
Ech hun an der Tëschenzäit och e puer Artikele fonnt déi op d'Markgrofschaft hiweisen. Mam Titel gif ech amplaaz Mark -- Markgrofschaft-- setzen. Les Meloures 22:28, 7 Oktober 2006 (UTC)
Okay, ech reckelen deen Artikel dann nach schnell ier ech fier haut Schluss maan.--Caranorn 22:32, 7 Oktober 2006 (UTC)
Hunn daat elo gemaat, kucken muer nach wei een genau Mark dirigeiert (kennt jo och ob Mark als Währung hiwaisen, vilaicht eng désambiguatioun...).--Caranorn 22:37, 7 Oktober 2006 (UTC)
De "Maarkgrofschaft"-Artikel ass e formidabelt Beispill, wéi en Artikel entstoe kann, a sech weiderentwéckelt. An ech hunn de Verdacht, wéi wann et nach net alles wier :-) --Cornischong 22:45, 7 Oktober 2006 (UTC)

Henri, Hary, Heng[Quelltext änneren]

Heescht den Henri net op Lëtzebuergesch "Hary"? Hu mär net "ganz e bësse" Komplexer mat eiser Sprooch? Mer schummen eis, wéi et schéngt, déi Leit mat hirem lëtzebuergeschen Numm ze nennen. Um Knuedler sëtzt och net de Wilhelm oder de Willem op sengem Päerd! --Cornischong 07:45, 29. Abr 2008 (UTC)

Moien,
Am Artikel stoung ganz am Ufank eppes vun engem Heng de Blannen. Heng oder Hary wier dann d'Fro. Les Meloures 07:54, 29. Abr 2008 (UTC)
Dat geet op meng Kap. Den Hary ass net esou "ëmgankssproochlech". --Cornischong 07:58, 29. Abr 2008 (UTC)
Daat mat Henri, Hary, Heinrich an esou mechen ech mech leiwer net an, do kennt ee jo och nach Heng huelen. --Caranorn 11:48, 29. Abr 2008 (UTC)

Gëlle Krallen[Quelltext änneren]

Remoien,

Ass erauszefanne wéini déi gëlle Kralle bäkoumen, oder waren déi vun Ufank un derbäi, a si just net op de Biller? Les Meloures 08:11, 29. Abr 2008 (UTC)

Irtum mengersäits. Ech hat d'Bild net grouss gemaach an déi gëlle Patte net gesinn Les Meloures 08:14, 29. Abr 2008 (UTC)
Häiteg
Domm gaangen, hunn nach Blaz an Aen. Les Meloures 08:03, 29. Abr 2008 (UTC)
Zu lescht d'Krallen. Daat waar esou eng Moud an der Heraldik. Als eischt gouf et iwwerhaapt keng esou Detailer an dou sinn dei lues a lues erageschlach. Misst elo verschidden Armorialer duerchkucken fier ze gesinn ob dei emmer genannt oder gezeechent ginn. Als Beispill, d'Flamenner a Belsch zerklappen sech haut nach ob de Flämesche Leiw roud Krallen huet oder net. --Caranorn 11:48, 29. Abr 2008 (UTC)

Wope vum Papp geholl[Quelltext änneren]

"Den Henri VI. huet als éischt de Wope vu sengem Papp iwerholl.": War hien deen éischten, deen de Wope vu sengem Papp iwwerholl huet - -oder -- huet hie "fir d'éischt" de Wope vu sengem Papp iwwerholl, fir duerno eppes anescht ze maachen??--Cornischong 07:58, 29. Abr 2008 (UTC)

Mat "fir d'eischt" hunn ech effektiv gemengt dass en als eischten erwuessene Wopen de vu sengem Papp haat, du 1281 oder 1282 (de bekannte Sigel as vun 1282, mee de Loutsch schreiwt dei zwee Datumen) dee geaennert huet. --Caranorn 11:48, 29. Abr 2008 (UTC)
An nach merci fier d'Korrektiounen.--Caranorn 11:49, 29. Abr 2008 (UTC)

Zuel vun de Sträifen[Quelltext änneren]

déi dunn dem Richard säi roude Léiw op hiren ale Familljewope geluecht hunn, véier blo Sträifen op sëlwer Fong,

Am Bild vum Wopen ennendrënner si 5 blo Sträifen. Wat ass lo richteg?? --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Et si véier Sträifen, d'Gemeng Lusignan seet et selwer. Di véier blo Sträife gesäit een och gutt an engem ale Wopebuch beim Wope vum Kinnekräich Zypern. D'ursprénglecht Wope vum Haus Lusignan ass op Wikimedia an hat effektiv just véier Sträifen. Gutt, am Mëttelalter war dat alles net sou "gefestegt", vu Persoun zu Persoun konnt et variéieren, a souguer déi selwecht Persoun konnt hiert Wopen änneren, mol dovun ogesinn datt och alt mol Feeler geschitt sinn. Beispiller sinn e stengent Wope vum Haus Lusignan an engem zypriotesche Klouschter mat 7 Sträifen, oder d'Wope vum Geoffroy de Lusignan mat 5 Sträifen. Mee zréck zu denger Fro. Als Wopen hat ech dat geholl, wat d'en-wiki mer uginn huet, an dat ass net dat vum Haus Lusignan mee vun der Stad Lusignan. Woubäi di fënneft Sträif vum Stadwopen eventuell just eng Fantasie vum SVG-Auteur Ssire ass, well am Blasonnement vum Stadwopen ass net ugi wivill blo Sträifen et musse sinn. Ech hunn awer mëttlerweil op Wikimedia en neit Wope vum Haus Lusignan fonnt, natierlech mat véier Sträifen, ech ersetzen dat dann am Artikel --Otets ♣ 16:01, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
De Wopen op der Websäit vu Lusignan huet allerdéng nëmme 4 blo Sträifen. An der franséischer Wiki steet e mat fënnef, wat konform zur Beschreiwung ass. Burelé d'argent et d'azur, au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, brochant sur le tout. Op Geneawiki huet d'Bild 4 blo Sträifen awer d'Beschreiwung ass wéi op der Wiki, wat 5 bloe Sträifen entsprécht. Nun ass et esou datt an der Heraldik ëmmer d'Beschreiwung richteg ass, an et gëtt sech net op d'Bild verlooss. --Les Meloures (Diskussioun) 16:44, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech gleewen deene Wopenhändler souwisou net alles. Och op der Wiki net, well do och dacks d'Bild net der Beschreiwung ensprécht. Du kann beim Armorial de la maison de Lusignan kucken. Da fënns de vläicht nach e puer Feeler. --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Den Armorial des As gëtt de Wope vun de Lusignan un, mat: burelé d'argent et d'azur wat nees op d'mannst 5 bloe Sträifen entsprécht.
Am Armorial Général steet och burelé d'argent et d'azur --Les Meloures (Diskussioun) 18:31, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech hu mech e bësse méi agelies, "burelé" seet een anscheinend effektiv just vu 5 Sträifen un, drënner gebraucht een den Terme "fascé". Nawell si se sech op der fr-wiki net eens, op et "burelé d'argent et d'azur de dix pièces" ass oder (mat falschem Heraldikbegrëff mee trotzdeem kloer) "burelé d'argent et d'azur de huit pièces", et giff een anscheinend déi zwee fannen (fro mech net wou een dat eent a wou een dat anert fënnt, dat seit eis déi IP net di den Artikel geschriwwen huet). --Otets ♣ 04:55, 2. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Poitou oder Poitiers[Quelltext änneren]

Firwat schreifs du vun de Grofe vu "Poitiers"? Dat maach zwar eventuell zoulässeg sinn, mee sou wäit ech gelies hunn ass dat gemenkerhand net üblech, souguer d'fr-wiki schreift vun der Grofschaft Poitou.
Beim Léiwenhäerz senger faméiser Mamm sinn ech net sécher, op déi e Wopen als Gräfin vu Poitiers benotzt huet (se war jo och nach Herzogin vun der Aquitaine, dat war sécher méi en ursprochvollst Wopen), oder op se net éischter dat Wope fir d'Grofschaft festgeluet huet. --Otets ♣ 16:19, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Grofe vu Poitiers well de Poitou net ganz zu der Grofschaft Poitiers gehéiert huet, a fir et vun der Provënz Poitou déi e ganz anere Wopen hat z'ënnerscheeden. D'Fransousen op der wiki soen am Lemma och Liste des comtes de Poitiers. Adelstitele bis op den Niveau vum Grof sinn och gemenkerhand un eng Stad oder Uertschaft gebonnen, sou datt Poitiers méi logesch ass wéi Poitou wat eng ganz Géigend bezeechent.
op déi e Wopen als Gräfin vu Poitiers benotzt huet
och wann si en net benotz huet sou hat se awer d'Recht en ze droen, an et ass dee Wopen deen dem Walram sengem gläicht. Dee vun der Aquitaine gesäit jo ganz anescht aus. --Les Meloures (Diskussioun) 16:44, 25. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Wope vum Jang[Quelltext änneren]

Eis däitsch Kollege schreiwen nach sou komesch Saachen: Wappen des Großherzogs Jean von Luxemburg, wie es heute noch von ihm geführt wird
Dat stëmmt net, well de Jang huet ëmmer nëmmen de klenge Wope gebraucht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Wat dem Jang säi Wopen ugeet, ass dat dann net säi klenge Wopen? --Otets ♣ 17:36, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Entschëlleg ech hu mech schlecht ausgedréckt: De Jang huet ëmmer de klenge Wope vum Land gebraucht an net säin. --Les Meloures (Diskussioun) 19:41, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]