Diskussioun:Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Déi veschidde Wikie schénge sech net eens ze sinn iwwer d'Stackzuel an d'Héicht. Gëtt et keng aner Quellen? --Les Meloures (Diskussioun) 18:18, 5. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]


Ech weess, vill Wikie ginn deem zentralen Deel just 22 Stäck mee dofir awer 160m. Ech hunn et mat der ru-wiki gehalen, déi 24 Stäck an eng Tuermhéicht mat Spëtzt vun 156m nennt, well ech duet mer einfach, wee wann net d'ru-wiki sollt et richteg wëssen? Aner Quellen di der ru-wiki Recht gi sinn déi heiten an déi heiten, mee schonn di drëtt Quell confirméiert just nach d'Héicht an infirméiert d'Zuel vun de Stäck. Eng englesch Source gëtt deenen anere Wikie Recht. A ganz bosseg widersprieche souwuel d'de-wiki wéi och d'ru-wiki an der Lëscht vun den Héichhaiser vun Europa hirem eegenen Artikel andeems se do dann awer 160m schreiwen.

Nodeems datt s du d'Saach opgeworf hues, hunn ech emol gekuckt op et net och op anere Wikien Diskussiounen driwwer gouf, schliisslech misst dat deenen dach och bal opgefall sinn. Mee neen. Bei der de-wiki hat just ee gemengt, 156m wier nach ze héich well da jo all Stack 6,5m hätt, mee deen hat just d'Tuermspëtzt vergiess ze berücksichtegen. D'ru-wiki huet déi Angab schonn esou zënter der éischter Artikelversioun vum 7. Juli 2007‎ an et huet ni een dat zur Diskussioun gestallt.

Ech selwer war ni do, d'Gebai läit zwar net dem Honn hanne mee et toopt een awer och net onbedingt driwwer. Wann ech op enger Foto d'Stäck zielen, da kommen ech op ee Rez-de-chaussée (deen een op Russesch anescht wéi bei eis schonn als Stack matzielt), 22 Fënsteren, ee Balkon, an dann nach 6 Fënsteren am villeckegen Opbau. An dat schéngt och guer net esou falsch ze sinn, well am ru-Artikel geet vun engem Speziallift fir d'Stäck 24-30 rieds. Wéi och ëmmer, ech hunn d'Fro emol wéinstens op der Diskussiounssäit vun der de-wiki weidergereecht. --Otets 16:24, 6. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]


Tiptop dann hu déi och mol eppes ze dinn. Ech trauen deene zwar net méi wéi den aneren, well wann ech gesinn wat se an den Astronomiesartikele vu sech ginn, da gi mer Dronkenellen aus. --Les Meloures (Diskussioun) 16:49, 6. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Op Emporis schreiwen se och vun 160 Meter --Les Meloures (Diskussioun) 17:20, 6. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]